Mënschenhandel
Mënschenhandel ass eng Aart Mënscherechtsverletzung, bei där déi perséinlech oder wirtschaftlech Zwangslag oder Hëlleflosegkeet vun enger Persoun ausgenotzt gëtt, fir se zu bestëmmten Zwecker auszebeuten. Geleefeg Forme vu Mënschenhandel sinn Zwangsprostitutioun, Sklaverei, Zwangsaarbecht, mee och Forme vun Organhandel, Leihmutterschaft, Zwangsheescherei a Zwangsbestietnes.
Affer
[änneren | Quelltext änneren]2022 goufen an der EU iwwer 10.000 Affer vu Mënschenhandel registréiert, d'Donkelziffer läit héchstwarscheinlech awer vill méi héich. Weltwäit si Millioune Mënsche betraff; am selwechte Joer ware geschaten 61% vun de vu Mënschenhandel betraffe Persoune Fraen a Meedercher.[1]
D'Mënschenhändler siche sech hir Affer strateegesch aus an notzen deenen hire kulturellen a familiären Hannergrond geziilt aus, fir si an der Ofhängegkeet ze halen. Täter an Affer stinn dacks an enger familiärer oder sozialer Bezéiung a kommen net seelen aus der selwechter Regioun.[2] D'Mënschenhändler gebrauche kierperlech a sexuell Gewalt, Erpressung, emotional Manipulatioun an d'Ewechhuele vun den offizieller Dokumenter, fir hir Affer ze kontrolléieren. D'Ausbeutung kann am Heemechtsland vum Affer, wärend der Migratioun oder am Ausland geschéien.[3][4]
Persounen, déi an de räichen europäesche Länner Affer vu Mënschenhandel ginn, liewen dacks an anere Länner an Aarmut, an hu weeder eng Ausbildung nach eng Aarbecht. Si gi vun de Mënschenhändler mat falsche Versprieche vun engem bessere Liewen an e friemt Land gelackelt. Den Affer gëtt erzielt, si kéinten do eng Ausbildung maachen oder schaffe goen, an hätten esou d'Méiglechkeet fir Suen ze verdéngen. Mee wa si an deem Land ukomme, gesäit d'Realitéit anescht aus.[5] Vill Affer schaffen isoléiert vun der Baussewelt a kënnen hir Aarbechtsplaz nëmme seele verloossen. Si mussen dacks vill Loyer fir d'Zëmmer, an deem si schlofen, bezuelen, an en Deel vun der Pai un d'Händler ofginn, a verdéngen dowéinst schlussendlech net vill oder guer näischt. Si hunn dacks keng Informatioun iwwer hir Rechter am frieme Land an dacks och keng lokal Sproochekenntnesser. Dat mécht et schwéier, aus hirer Rechtslosegkeet z'entkommen.[2]
Jonk Fraen, déi an Europa sexuell exploitéiert ginn, kréien dacks verzielt, datt si als Coiffeuse, Babysitterin oder Hëllef am Stot kéinte schaffen an esou genuch Sue géife verdéngen, fir hir Famill doheem finanziell kënnen z'ënnerstëtzen. Eng aner bekannt Method ass d'Loverboy-Method, mat där meescht jonk Männer jonke Fraen eng Libesbezéiung virtäuschen. Si manipuléieren d'Fraen emotionell, maache si vu sech ofhängeg, a brénge se dann an en anert Land, wou sech dann erausstellt, datt déi d'Männer Zouhälter sinn, an d'Frae sexuell ausbeuten oder verkafen.[5][6]
2023 hat Lëtzebuerg déi meescht Mënschenhandel-Affer pro Awunner an der ganzer EU[7]. Dat ka sech och doduerch erklären, dat d'Justiz an de Sozialsystem besser gi sinn, Affer z'identifizéieren. Zu Lëtzebuerg mussen d'Aarbechtsinspekteren zum Beispill obligatoresch Formatiounen zum Thema Mënschenhandel matmaachen.[8]
Internationalen Droit a Gesetzeslag zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Vereent Natiounen hunn an hirem "Protokoll fir d'Präventioun, d'Bekämpfen an d'Bestrofe vum Mënschenhandel, besonnesch dem Fraen- an dem Kannerhandel"[9] eng Definitioun vum Mënschenhandel festgehalen. Dee Protokoll ass ee vun dräi Protokoller an der "Konventioun vun de Vereenten Natioune géint déi transnational organiséiert Kriminalitéit"[10] aus dem Joer 2000, och nach "Palermo-Konventioun" genannt. D'Definitioun seet:
Mënschenhandel ass de Rekrutement, den Transport, den Transfert, den Hebergement oder d'Opnam vu Persounen duerch d'Dreeën oder d'Uwende vu Gewalt oder aner Forme vun Contrainten, duerch Entféierung, Bedruch, Täuschung, Muechtmëssbrauch oder Ausnotze vu spezieller Hëlleflosegkeet oder duerch d'Gewären oder d'Entgéinthuele vu Paiementen oder Virdeeler fir d'Averständnes vun enger Persoun ze kréien, déi Gewalt iwwer eng aner Persoun huet, mam Zweck vun der Exploitatioun (Ausbeutung). D'Exploitatioun ëmfaasst op d'mannst d'Ausnotze vun der Prostitutioun vun Aneren oder aner Forme vu sexueller Exploitatioun, Zwangsaarbecht oder erzwongen Déngschtleeschtungen, Sklaverei oder sklavereiänlech Praktiken, d'Servitude (Leifeegeschaft) oder d'Eraushuele vun Organer.[11]
Lëtzebuerg huet dee Protokoll den 13. Dezember 2000 ënnerschriwwen an den 20. Abrëll 2009 ratifizéiert.[12] Den 9. Abrëll 2009 huet Lëtzebuerg donieft och d'"Konventioun vum Europarot zur Bekämpfung vum Mënschenhandel"[13] ratifizéiert.[14] De Protokoll an d'Europarot-Konventioun goufen am Lëtzebuerger Gesetz vum 13. Mäerz 2009 iwwer Mënschenhandel transposéiert. Dat schreift fir, datt all Tentative vu Mënschenhandel mat enger Prisongsstrof vun engem bis dräi Joer an enger Geldstrof vu 5.000 bis 10.000 Euro bestrooft ka ginn. D'Strof fir tatsächleche Mënschenhandel läit bei dräi bis fënnef Joer Prisong an enger Geldstrof bis zu 50.000 Euro. Bei besonnesch schlëmme Fäll sinn esouguer bis zu 15 Joer Prisong a bis zu 150.000 Euro Geldstrof virgesinn.[15]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Mënschenhandel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Understanding human trafficking. Vereent Natiounen. Gekuckt de 24. Juni 2025.
- 1 2 (de) ...Verdacht des Menschenhandels. Bundeskriminalamt Däitschland. Gekuckt de 25. Juni 2025.
- ↑ (en) The Crime: Defining Human Trafficking. United Nations Office on Drugs and Crime. Gekuckt de 24. Juni 2025.
- ↑ (de) Tessie Jacobs, Menschenhandel in Luxemburg: Ausbeutungsspirale statt Opferschutz. woxx.lu (7. Abrëll 2023). Gekuckt de 24. Juni 2025.
- 1 2 (de) Menschenhandel: Opfer und Täter. Schweizerische Eidgenossenschaft: Bundesamt für Polizei (11. Juli 2024). Gekuckt de 25. Juni 2025.
- ↑ (de) Sarah Raparoli a Lex Kleren, Skrupellos, skrupelloser, Loverboy. Lëtzebuerger Journal (19. Oktober 2021). Gekuckt de 25. Juni 2025.
- ↑ 157 registréiert Affer pro Millioun Awunner.
- ↑ (en) Trafficking in human beings statistics. Eurostat (Mäerz 2025). Gekuckt de 25. Juni 2025.
- ↑ op Englesch: "Protocol to Prevent, Suppress and Punish Trafficking in Persons Especially Women and Children, supplementing the United Nations Convention against Transnational Organized Crime"; op Franséisch: "Protocole additionnel à la Convention des Nations Unies contre la criminalité transnationale organisée visant à prévenir, réprimer et punir la traite des personnes, en particulier des femmes et des enfants"
- ↑ op Englesch: "United Nations Convention Against Transnational Organized Crime"; op Franséisch: "Convention des Nations unies contre la criminalité transnationale organisée"
- ↑ (en) Protocol to Prevent, Suppress and Punish Trafficking in Persons Especially Women and Children, supplementing the United Nations Convention against Transnational Organized Crime. UNOHCHR. Gekuckt de 24. Juni 2025.
- ↑ (en) 12. a Protocol to Prevent, Suppress and Punish Trafficking in Persons, Especially Women and Children, supplementing the United Nations Convention against Transnational Organized Crime. United Nations Treaty Collection. Gekuckt de 24. Juni 2025.
- ↑ op Englesch: "The Convention on Action Against Trafficking"; op Franséisch: "Convention du Conseil de l'Europe sur la lutte contre la traite des êtres humains"
- ↑ (en) Chart of signatures and ratifications of Treaty 197. Europarot (24. Juni 2025). Gekuckt de 24. Juni 2025.
- ↑ (lb) [traite des personnes legilux Loi du 13 mars 2009 relative à la traite des êtres humains [...]]. Legilux. Gekuckt de 24. Juni 2025.