Mëttelgambit

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Mëttelgambit
abcdefgh
8
Chessboard480.svg
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
g8 black knight
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e5 black pawn
d4 white pawn
e4 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
c2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Zich 1. e4 e5 2. d4
ECO C21-C22
Benannt no Gambit am Zentrum (Mëtt vum Briet)
Entsteet aus Oppent Spill
Aner Nimm Mëttelspill

D'Mëttelgambit ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Oppene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen C21 an C22 klassifizéiert.

A méi ale Schachpublikatioune fënnt een och d'Bezeechnung „Mëttelspill“ amplaz vu „Mëttelgambit“. Dës Bezeechnung ass allerdéngs am Schachvokabular méideiteg: Mëttelspill (Schach) bezeechent och d'Spillphas no der Erëffnung. An der Schachliteratur huet sech mëttlerweil d'Benennung „Mëttelgambit“ duerchgesat, obwuel Wäiss an den Haaptvarianten no 3. Dxd4 kee Bauer affert an doduerch kee Gambit spillt. Richteg Gambitvarianten entstinn zum Beispill no 3. c3 oder no dem seelenen 3. f4.

D'Mëttelgambit fänkt mat de folgenden Zich un:

1. e4 e5
2. d4

Dës Stellung kann theoretesch och iwwer d'Englund-Gambit entstoen (1. d4 e5 2. e4), allerdéngs wäert Wäiss an deem Fall éischter 2. dxe5 spillen.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Schwaarz ka mat 2. ... Sc6 an d'Nimzowitsch-Verdeedegung iwwergoen, mä dee bei Wäitem heefegsten Zuch ass 2. ... exd4, wourop Wäiss mat 3. c3 an d'Nordescht Gambit iwwergoe kann. Onofhängeg Varianten entsinn no 3. Dxd4 a jee nodeem, wéi Schwaarz äntwert, och no 3. Sf3 a 3. Lc4.

3. Dxd4[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. e4 e5 2. d4 exd4 3. Dxd4

No 3. Dxd4 entwéckelt Schwaarz meeschtens säin Dammesprénger mat Tempogewënn. No 3. ... Sc6 féiert 4. Da4 zur Skandinavescher Verdeedegung mat vertauschte Farwen a Méitempo fir Wäiss. D'Haaptvariant vum Mëttelgambit ass 4. De3, wourop déi heefegst schwaarz Zich 4. ... Sf6, 4. ... g6 a 4. ... Lb4+ sinn.

3. Sf3[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. e4 e5 2. d4 exd4 3. Sf3

No 3. Sf3 huet Schwaarz eng ganz Rei Transpositiounsméiglechkeeten. 3. ... Sc6 féiert zur Schottescher Partie, 3. ... d6 zur Philidor-Verdeedegung a 3. ... Sf6 zur Steinitz-Variant vun der Russescher Verdeedegung. Aner Zich fir Schwaarz si 3. ... Lb4+ a 3. ... Lc5.

3. Lc4[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. e4 e5 2. d4 exd4 3. Lc4

Och no 3. Lc4 geet d'Partie dacks an eng aner Erëffnung iwwer. No 3. ... Sf6 ass d'Urusov-Gambit erreecht an no 3. ... Sc6 4. Sf3 d'Schottescht Gambit.

Aner Zich[änneren | Quelltext änneren]

  • 3. f5?! féiert zum Halasz-Gambit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]