Mëttelräich

Vu Wikipedia
D'Opdeelung am Traité vu Verdun 843
D'Deelung vu Prüm 855
D'Opdeelung am Traité vu Meerssen 870

D'Mëttelräich oder Mëttelfranken (lat.: Lotharii Regnum - "dem Lothaire säi Räich") war de mëttelsten Deel vum Fränkesche Räich, deen no deem senger Deelung vum 10. August 843 am Traité vu Verdun un de Keeser Lothaire I. goung. Hie krut dat, als eelste Jong vum Keeser Louis de Frommen (deen 840 gestuerwe war), wat Rescht war nom verluerene Muechtkampf géint säi Brudder Ludwig den Däitschen a säin Hallefbrudder Charles de Plakkapp.

D'Mëttelräich goung vum Nordmier bis bei d'Mëttelmier, vu Friesland iwwer déi haiteg Benelux-Staaten, Oochen, d'Rheinland, Bourgogne, d'Provence an Ueweritalien bis an d'Keeserstad Roum an Italien.

Deelung vu Prüm[änneren | Quelltext änneren]

Am September 855 huet de Lothaire säi Räich an der Deelung vu Prüm ënner sengen dräi Jongen opgedeelt. De Lothaire II. krut Lotharingien (Friesland, d'Nidderlanden an d'Rhäinland) am Norden; de Charles d'Bourgogne an d'Provence am Südwesten, an de Louis II. Italien am Südosten (souwéi de Keesertitel).

Traité vu Meersen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Lothaire II. sengem Doud, 869, gouf dat fréiert Mëttelräich 870 am Traité vu Meerssen nei verdeelt: Den ostfränkesche Kinnek Ludwig den Däitschen, dem Lothaire II. säi Monnonk, krut den Ostdeel vu Lotharingien; de westfränkesche Kinnek Charel de Plakkapp, en Hallef-Mononk vum Lothaire II., de Westdeel.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

879 hunn d'Enkele vum Charel dem Plakkapp, wéi 880 am Traité vu Ribemont festgehalen, och dëse Westdeel vu Lotharingien un den ostfränkesche Kinnek Ludwig III. ginn. Domat huet Lotharingien zanterhier (mat enger Ënnerbriechung vun 911 bis 923) integral zum Ostfrankeräich gehéiert an huet doran d'Herzogtum Loutrengen gebilt.

959 gouf d'Herzogtum an Herzogtemer Uewerloutrengen an Nidderloutrengen gedeelt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jens Schneider: Auf der Suche nach dem verlorenen Reich. Lotharingien im 9. und 10. Jahrhundert. Böhlau Verlag, Köln 2010, ISBN 978-3-412-20401-3.
  • Thomas Bauer: Lotharingien als historischer Raum. Raumbildung und Raumbewußtsein im Mittelalter, Köln, Weimar, Wien 1997, ISBN 3-412-13696-4.
  • Rüdiger E. Barth: Lotharingien 10. – 12. Jahrhundert. Gelenkte Teilung oder innere Aufspaltung?, Frankfurt am Main, Berlin, Bern, Wien 1996, ISBN 3-631-30347-5.