M, le magazine du Monde

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) M, Le magazine du Monde)

M, le magazine du Monde (virdru Le Monde 2, duerno Le Monde Magazine) ass eng wëchentlech Zäitschrëft déi als Bäilag vun der franséischer Zeitung Le Monde all Samschdeg erauskënnt.

M, le magazine du Monde publizéiert Reportagen iwwer déi gesellschaftlech a kulturell Aktualitéit, awer virun allem och Artikelen iwwer den Art de vivre, den Design, d'Moud an d'Schéinheet an d'Produite vun der Luxusindustrie an dem Haut de gamme am Allgemengen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Zäitschrëft koum fir d'éischt 2000 mam Titel Le Monde 2 eemol am Mount eraus. Zënter 2004 kënnt s'all Woch eraus. Hiren aktuellen Titel krut se 2011.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]