M. K. Vainu Bappu

Vu Wikipedia
M. K. Vainu Bappu
Gebuer 10. August 1927
Gestuerwen 19. August 1982
München
Nationalitéit Indien, Brittesch-Indien
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker

Den M. K. Vainu Bappu, Manali Kallat Vainu Bappu, gebuer den 10. August 1927 zu Madras a gestuerwen den 19. August 1982 war en indeschen Astronom.

De Vainu Bappu war dat eenzegt Kand vum Manali Kukuzhi an der Sunanna Bappu. Säi Papp war Astronom am Nizamiah Observatory zu Hyderabad, hien hat sengem Jong scho fréi d'Astronomie bäibruecht.

Nodeem de Vainu Bappu op der University of Madras säi Master an der Physik gemaach hat, war hien op d'Harvard Universitéit gewiesselt an huet do am Joer 1952 säin Doktortitel (PhD) gemaach. Wärend engem kuerze Besuch als Carnegie Fellow op den Hale Observatoiren huet hien zesumme mam Olin C. Wilson de Wilson-Bappu-Effet entdeckt. Uschléissend goung hien no engem Joer als Post-Doc zeréck an Indien.

De Bappu gouf am Joer 1960 Direkter vum Kodaikanal Solar Observatory. An de fréien 1970er Jore gouf ënner senger Opsiicht en neien Observatoire zu Kavalur ageriicht.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]