Metal Frënn Gousseldeng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) MFG)
De Logo vum MFG

D'Metal Frënn Gousseldeng, ofgekierzt MFG, ass e Lëtzebuerger Metal-Webzine.

Den MFG ass den 31. Mäerz 2005 an d'Liewe geruff gi vun zwéi Gousseldenger: Dem Charel an dem Sven. Dës zwéi Metalfreaks haten een Zil virun Aen: Lëtzebuerg en uerdentlecht Metal-Webzine ze bidden.

Kuerz no der Grënnung ass der MFG Crew dunn nach den Thomas bäigetrueden. Am Abrëll 2006 koum och eng weiblech Verstäerkung bäi, an dat an der Persoun vum Naïma.

Vun do u waren déi véier Kolleege bereet, fir sech an der Metalzeen vu Lëtzebuerg ze presentéieren. Mat Verdeele vu Flyeren op Konzerten a Reklammen op Internetsäiten hu si sech séier en Numm gemaach. Duerch déi usteigend Popularitéit vun hirem Webzine ass natierlech och den Drock geklommen, fir ëmmer nei Interviewen an CD-Reviews ze maachen. Dat ass hinne gelongen, och wann et net ëmmer einfach war, fir Hobby a Schoul ënner een Daach ze bréngen.

Organiséiert Spektaklen[änneren | Quelltext änneren]

  • MFG Festival "Bloody Autumn" zu Kielen am Shiny'z Café (29. Oktober 2005)
Et hu gespillt Ex Inferis, Abstract Rapture, Scarred a Mercury.
  • MFG Festival "Bloody Winter" zu Kielen am Shiny'z Café (25. Februar 2006) mat Seasons Of Frost, Eternal Winter, Ophidian a Lost God.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]