Mady Molitor

Vu Wikipedia
Mady Molitor
Gebuer 30. Juli 1937
Gestuerwen 28. November 2005
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zoolog

D'Madeleine (Mady) Molitor gebuer den 30. Juli 1937, a gestuerwen den 28. November 2005 an der Stad Lëtzebuerg war eng lëtzebuergesch Biologin.

D'Mady Molitor huet an der Schwäiz Technicienne de laboratoire studéiert an 2 Joer an engem Kriibsfuerschungslaboratoire zu Bréissel geschafft. Dunn ass si nees d'Unisbänk drécke gaangen an huet op der U.L.B. eng zweet Lizenz an der Zoologie gemaach, déi si 1967 no der Presentatioun vun hirem Mémoire Contribution à une étude hydrobiologique annuelle de la Lesse mat grousser Distinctioun ofgeschloss huet.

D'Mady Molitor ass 1973 vun der Forstverwaltung agestallt ginn an huet dunn e klenge Laboratoire am deemolege Verwaltungsgebai vun der Forstverwaltung an der Avenue de la Porte-Neuve beim Stadpark bezunn. Hir ganz professionell Karriär dréint sech ëm d'Waasser: biologesch Aspekter vun der Waasserverschmotzung, Erfaasse vun der Produktivitéit vun eise Waasserleef, d'Etüd vun den zoologesche Liewensgemeinschafte vu Stëllgewässer wéi z. B. d'Etüd vum Plankton am Stauséi vun Esch-Sauer. Si huet bei der Redaktioun vun der "Déclaration d'intention générale" matgeschafft, dem éischte richtegen Naturschutzgesetz fir d'Landesentwécklung um Niveau vun der Ëmwelt, déi 1981 am Mémorial publizéiert gouf.

Scho wärend hirer Karriär, mä nach méi an der Pensioun, war d'Mady Molitor staark a Veräiner engagéiert an dat a sou villsäitege Beräicher wéi Naturschutz, Fraewiesen a Mënscherechter. Zum Zäitpunkt vun hirem Doud huet d'Mady follgend Funktioune gehat:

Doriwwer eraus huet d'Mady Molitor sech a weideren Initiativen engagéiert, sou bei der Grënnung vum "Groupe mésologique" fir Ëmwelterzéiung, d'Organisatioun vun Naturrallyen, Aarbechtsgruppen am Kader vum Haus vun der Natur. Hire sozialen Engagement huet d'Mady Molitor dozou beweegt, fir am Kader vun SOS Kannerduerf Giedel vu Kanner am Kenia ze ginn.

Fir hir Etüd iwwer d'Ekologie vum Floss Lesse an der Belsch huet si 1969 de Präis vum Concours vun der Académie royale de Belgique" gewonnen. Den 8. Januar 2002 krut d'Mady de Präis Gëllene Regulus fir hir Meritter am Intressi vum Natur- an Ëmweltschutz vum Haus vun der Natur iwwerreecht.

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

No der Mady Molitor ass de Laboratoire fir d'Opzuucht vun der Flosspäerelmuschel (Margaritifera margaritifera L.) op der Kaalber Millen genannt (Laboratoire Mady Molitor). Déi offiziell Feier mat dem Opdecke vun der Plack am Labo war den 28. November 2008.[1]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Molitor, M., 1967. Contribution à une étude hydrobiologique annuelle de la Lesse. Mémoire, Université libre de Bruxelles.
  • Molitor, A.M.M., 1976. Analyse hydrobiologique des cours d'eau du Grand-Duché de Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 79 (1974): 3-28.[1]
  • Molitor, M., R. Thorn, A. Mousset & A. Pelles, 1975. Säugetiere: Amphibien und Reptilien: Wirbellose Tiere / In Luxemburg Geschüzte Tiere. - Natura, Luxemburger Liga für Natur- und Umweltschutz, 63 p.
  • Molitor, M., 1976. Analyse hydrobiologique des cours d'eau du Grand-Duché de Luxembourg. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 79 (1974): 53-78.
  • Molitor, M. & H. Regenwetter, 1980. Analyse hydrobiologique de l'étang " Steinrausch " à Dudelange. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 82 (1977): 30-34.
  • Molitor, M., 1985. Noms vernaculaires des poissons du Grand-Duché de Luxembourg (français, allemand et luxembourgeois). - Bull. Soc. Nat. luxemb. 85 (1980-1982): 55-59.
  • Haslam, S. M. & M. Molitor, 1988. The macrophytic vegetation of the major rivers of Luxembourg. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 88: 3-54.
  • Krier, A., M. Lauff, G. Molitor & A.M.M. Molitor, 1992. La récupération des poissons lors de la vidange du lac de barrage d'Esch-sur-Sûre en 1991. Aspects physico-chimiques et biologiques. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 93: 71-82.
  • Rollinger, N. & M. Molitor, 1997. Die Pflanzen Luxemburgs und ihre Verbreitung vor 100 Jahren aus “Die Flora der Heimat” von Prof. Dr. E. Klein, herausgegeben 1897. Alphabetisches Verzeichnis von über 5000 lateinischen, deutschen und luxemburgischen Pflanzennamen, zusammengestellt von Néckel Rollinger; Artenschwund und Schutzmaßnahmen, [Kommentare] von Mady Molitor, Dipl. Biologin. Im Auftrag der AAT – Garten- und Teichfreunde Luxemburgs zum 25. Jubiläum. Heckefräsch, Nr. 55 (Jubiläumssondernummer), S. [10], 11-110.[2]
  • Ufank der 1970er Joren huet d'Mady Molitor e puer Kapitele vun der Enzyclopedie "Le monde animal" vum Bernhard Grzimek fir de Verlag Stauffacher vun Zurich op Franséisch iwwersat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. *Fixmer, A., 2009. Laboratorium Mady Molitor. Aufzuchtstation für Flussperlmuscheln in Kalborn. AAT Heckefräsch 101 (März 2009): 18-20.