Magdalena Andersson

Vu Wikipedia
Magdalena Andersson
Gebuertsnumm Eva Magdalena Andersson
Gebuer 23. Januar 1967
Vaksala församling
Nationalitéit Schweden
Educatioun Katedralskolan,
Harvard Universitéit,
Institut für Höhere Studien
Aktivitéit Politiker
Partei SAP
Famill
Bestuet mat Richard Friberg
Papp Göran Andersson

D'Magdalena Andersson, gebuer den 23. Januar 1967 zu Uppsala, ass eng schweedesch Politikerin (Sveriges socialdemokratiska arbetareparti; SAP).

Si gouf den 29. November 2021 als nei Ministerpresidentin an hirem Land gewielt; deen Dag drop gouf hir Minoritéitsregierung vereedegt.[1] No de Parlamentswalen, bei där d'oppositionnell Rietskoalitioun eng Grëtz méi Stëmme krut wéi hir eegen, ass si de 15. September 2022 zeréckgetrueden.

Si war schonn eng Kéier, de 24. November 2021 als éischt schweedesch Ministerpresidentin gewielt ginn; huet awer nach de selwechten Dag, nach ier se vereedegt gouf, demissionéiert, well hir Koalitioun net gehalen hat.

D'Andersson ass ausserdeem zanter dem 4. November 2021 Presidentin vun der sozialdemokratescher Sveriges socialdemokratiska arbetareparti.Virdru war si vun 2014 bis 2021 Finanzministesch vu Schweden.

2014 gouf si fir d'éischt an d'schweedescht Parlament gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Magdalena Andersson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.riksdagen.se/en/news/2021/nov/29/press-release-schedule-for-the-change-of-government-on-30-november/