Magnum bullarium romanum
Magnum bullarium romanum ass dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht an eng vun deene véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht. Si koum vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier eraus.[1]
Fir d'éischt huet de Chevalier dem Laertius Cherubini säi Bullarium (Roum 1586, fënneft Editioun 1669-72) a sechs Bänn als Editio novissima nogedréckt an du véier Bänn Continuatio erausginn. Nom Band 10 huet e 1738 den Drockprivileg un den Henri-Albert Gosse vu Genf viruverkaf. Deen huet bis 1758 néng weider Bänn erausbruecht, nach ëmmer mat "Lëtzebuerg" als Plaz, wou et gedréckt gouf. 1742 huet hien och déi éischt Bänn frësch erausbruecht oder op d'mannst mat neien Titelsäite verkaf.
Sou ass bannent 31 Joer de "Lëtzebuerger Bullarium" an 19 Folio-Bänn an op ronn 9000 Säiten, mat Bullen aus 1300 Joer vum Poopst Leo dem Groussen (~400-461) bis de Benedict XIV. (1675–1758), entstanen.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Romain Hilgert: "André Chevalier", um fréiere Site 'Luxemburgensia' vum Lëtzebuerger Land (Net méi online, existéiert awer nach an enger archivéierter Versioun).