Maison de l'environnement

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Maison de l'Environnement)

D'Maison de l'Environnement I an II ass den Numm vun engem fënnefstäckege Duebelgebai, dat een an L-Form, dat anert an T-Form, dat am Kader vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation op der sougenannter Héichiewenterrasss um Belval, am Universitéitsquartier, gebaut soll ginn.

Et soll, zesumme mat der Maison de la vie, nërdlech vun der Place de l'Université, vis-à-vis vun der Maison du savoir, stoe kommen.

D'Architekte sinn m3 Architectes, respektiv Nicklas Architectes / Bureau d'architectes Teisen & Giesler an de Bauhär ass de Fonds Belval.