Maisy Ginter-Bonichaux
| Maisy Ginter-Bonichaux | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 17. Abrëll 1924 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
|
| |
D'Maisy Ginter-Bonichaux, gebuer als Marie Bonichaux de 17. Abrëll 1924 zu Nidderkuer an opgewuess zu Rodange, ass eng lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert. Hir Eltere waren den Theodor Bonichaux (1898 – 1969) vu Platen an d'Josephine Longuisch.
Si huet am Ufank vum Krich an der Stater Gemengekeess geschafft, bis s'am November 1943 an de Reichsarbeitsdienst (RAD) op Triebes agezu gouf; no 6 Méint koum si an de Kriegshilfsdienst (KHD) op Bad Klosterlausnitz (Thüringen) wou s'am Laboratoire vun enger Isolatorefabrick huet misse schaffen. No der Befreiung koum si iwwer Holland an d'Belsch de 25. Mee 1945 hannescht op Lëtzebuerg.
Nom Krich huet s'an der Stad op der Interbank geschafft.
Si huet sech vun Ufank u bei den Enrôlés de force an am Comité du souvenir engagéiert, a sech haaptsächlech fir d'Schicksal vun de Fraen a Meedercher agesat déi zwangsrekrutéiert gi waren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Maisy Ginter-Bonichaux – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche vun der Maisy Ginter-Bonichaux mat Videoen op www.ons-jongen-a-meedercher.lu
- Nach fit mat bal 102 Joer? "Et muss een de Wëllen hunn, wann et och.. schwéier ass", rtl.lu 08.02.2026
- D'Maisy Ginter-Bonichaux huet hiren 100. Gebuertsdag gefeiert, rtl.lu, 18.04.2024
