Malakoff (Hauts-de-Seine)

Vu Wikipedia
Malakoff

Land Frankräich
Regioun Île-de-France
Departement Hauts-de-Seine
Arrondissement Antony
Kanton Montrouge
Postcode 92240
Gemengecode 92046
Koordinaten 48° 49’ 01’’ N
      02° 17’ 40’’ O
Fläch  207 ha
Bevëlkerung  30 720 (2017)

Malakoff ass eng franséisch Gemeng am Departement Hauts-de-Seine an der Regioun Île-de-France.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Malakoff gouf den 8. November 1883 forméiert, andeems e Stéck vum Territoire vun der Stad Vanves ofgezwackt gouf. Si gouf nom der Festung Malakoff bei Sewastopol, respektiv dem Tuerm vun do, genannt, déi d'Fransousen 1856 am Krimkrich ënnert dem Generol Mac Mahon eruewert haten.

Well d'Festung an den Tuerm ëmmer nees an den Zeitunge stoungen, an doduerch populär goufen, huet e gewëssen Alexandre Chauvelot am Süde vu Paräis en Theemepark iwwer de Krimkrich uleeë geloss, an deem eng Kopie vun deem Tuerm stoung. Wéi déi nei Stad gebilt gouf, huet si deen Numm iwwerholl.

Vum Tuerm selwer ass näischt méi Rescht, e gouf 1870 am Däitsch-Franséische Krich zerstéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Malakoff (Hauts-de-Seine) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[Quelltext änneren]