Malget

Vu Wikipedia
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Malget ass e Familljennumm, deen etymolgesch eng germaniséiert Form vu Maillet ass, wat "klengen Hummer" bedeit, an deemno ursprénglech eng Kéier eng Persoun bezeechent huet, déi mat sou engem Hummer ze dinn hat (Handwierker, Zaldot,...)[1].

Zu Lëtzebuerg hunn am Joer 1880 85 Leit sou geheescht, 1930 waren et der 108 an 1981 hirer 91[2].

Follgend Persounen hunn esou een Numm:

  • Claude Malget, e lëtzebuergesche Kompetitiounskutschefuerer am Duebelspänner.
  • Jean Malget (1931–2017), e lëtzebuergesche Priister, Lokal- a Kierchenhistoriker.
  • Kevin Malget (* 1991), e lëtzebuergesche Foussballspiller.
  • Théo Malget (* 1961), e lëtzebuergesche Foussballspiller.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche "Malget" am Luxemburger Familiennamenatlas; lfa.uni.lu.
  2. Institut Grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie: Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XVIII. Luxemburg 1989, S.433.