Op den Inhalt sprangen

Mamer Schlass

Vu Wikipedia
Mamer Schlass
Geographesch Donnéeën
Land Lëtzebuerg
Gemeng Mamer
Plaz Mamer
Koordinaten 49°37'34"N, 6°1'26"O
Donnéeë vum Gebai
Datum vum Bau 1830
Zweck Gemengenhaus

D'Mamer Schlass ass e Schlass zu Mamer; et ass zënter dem 1. Mäerz 2002 d'Märei vun der Gemeng Mamer.

D'Originne vum Schlass Mamer gi wäit an d'Vergaangenheet zeréck.

Am Joer 960 huet d'Gräfin Liutgardis d'Duerf Mamer der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier geschenkt. Deemools muss et schonn e Gebai op der Plaz vum haitege Schlass ginn hunn. 1796, an der Zäit vun der franséischer Revolutioun, koum d'ruinéiert Mamer Schlass mat all den Dependancen, sou wéi et fir all d'Gebaier vun de reliéise Gemeinschafte gegollt huet, an de Staatsbesëtzt.

Den Domän ass 1798 a véier Lousen opgedeelt a versteet ginn. Den Thierry vu Baaschtnech huet d'Schlass kaaft. 1830 huet de Frédéric François, deemolegen Distriktskommissär a méi spéit Generalrecever, d'Schlass a senger haiteger Form nei opbaue gelooss. Ëm säi ganze Besëtz am Zentrum vu Mamer gouf eng Mauer vun op d'mannst 2 Meter Héicht gebaut an en huet e Weier vu 25 Hektar am Brill uleeë gelooss.

Säin Urenkel, de Georges Ulveling, deen am Schlass gewunnt huet, gouf 1919 Deputéierte fir de Kanton Capellen. 1934 hunn de Jacques Fischer an d'Julie Kremer d'Schlass zesumme mat engem Terrain vun 172 Hektar kaaft, fir e Bauerenhaff ze bedreiwen.

1995 gouf d'Schlass vun der Gemeng Mamer iwwerholl, an de Gemengerot huet de 4. Juni 1997 eestëmmeg decidéiert, d'Mamer Schlass ze restauréieren. D'Aarbechten hunn am September 1999 ugefaangen a waren Enn Februar 2002 fäerdeg.[1]

De Komplex vum Mamer Schlass besteet aus véier Gebaier mat engem Park ronderëm. Hannert dem Haaptgebai steet eng Skulptur, déi un zwéi Sportler vu Mamer erënnert: den Nicolas Frantz, zweemolege Gewënner vum Tour de France, an de Josy Barthel, Olympiagewënner iwwer 1.500 Meter zu Helsinki am Joer 1952.

Am Rez-de-chaussée vum Haaptgebai sinn d'Receptioun a véier Büroen, um éischte Stack d'Gemengesekretariat an den État civil. Um zweete Stack sinn d'Büroe vum Schäfferot.

Am Gebai riets vum Haaptgebai sinn de Populatiounsbüro an den Hochzäitssall. Am lénkse Gebai sinn de Sall vum Gemengerot an en Empfangssall. Et gëtt och e Multifunktionsraum mat Plaz fir knapp 250 Leit.

Am fréiere Schofsstall op der anerer Säit vum Haaptgebai gouf um éischte Stack eng Galerie fir Ausstellungen amenagéiert. D'Haaptgebai ass mat Verrièrë mat den Annexe verbonnen.

 Commons: Mamer Schlass – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) La Maison communale. mamer.lu Archivéiert den 21.07.2022. Gekuckt den 19.05.2026.