Mammutbeem
Ausgesinn
|
Den General Sherman tree | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Iwwerofdeelung | Somplanzen |
| Ofdeelung | Nolholzplanzen |
| Klass | Pinopsida |
| Uerdnung | Pinales |
| Famill | Zypresseplanzen |
| Ënnerfamill | Mammutbeem |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Sequoioideae | |
|
Risemammutbam Küstemammutbam Urweltmammutbam | |
|
| |
D'Mammutbeem oder Sequoiaen (Sequoioideae), déi hiren Numm vum Sequoyah, dem Erfinder vun der Cherokee Schrëft hunn, sinn eng Ënnerfamill an der Famill vun den Zypresseplanzen, de Cupressaceae.
Systematik
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt dräi Gattunge vu Mammutbeem, jiddwereng mat nëmmen enger Aart:
- Risemammutbam (Sequoiadendron giganteum)
- Küstemammutbam (Sequoia sempervirens)
- Urweltmammutbam (Metasequoia glyptostroboides)
Mammutbeem zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- zwéin am Amaliepark
- zwéin An der Buerg am Lieu-dit Baumbusch an de Kéieren, wann ee vu Gonnereng kënnt. Duerch en Arrété ministeriel vum 29. Mäerz 1974 goufe se arbres remarquables deklaréiert, a sinn zanterhier um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux.
- zwéin am Mayrisch-Park um Diddelenger Kräizbierg
- een zu Diddeleng an der Birengerstrooss
- een am Parc Tony-Neuman
- een zu Diddeleng am Pullewee
- een zu Colmer-Bierg bei de Good-Year
- een zu Kënzeg bei der Schoul
- e puer am Arboretum am Gréngewald beim Waldhaff.
- eng Metasequoia am Stater Park laanscht d'Neipuertsgaass
- Den 11. November 2006 huet d'Gemeng Péiteng bei Geleeënheet vum Dag vum Bam "fir déi 192 Kanner, déi tëscht dem 1. November 2005 an dem 31. Oktober 2006 gebuer goufen" e Mammutbam, e Sequoiadendron giganteum geplanzt, ass am Gemengeblietchen Péiteng Meng Gemeng Dezember 2006-Januar 2007 ze liesen.

An der Provënz Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]| Uertschaft | Plaz | Ëmfang m | Héicht m | Stéckzuel |
|---|---|---|---|---|
| Verdenne | Château de Verdenne | 6,90 | 35 | 1 |
| Libin | Beim Schlass | 6,50 | 25 | 1 |
| Assenois | Château d'Assenois | 6,30 | 35 | 1 |
| Guirsch | Park vum Schlass | > 6,00 | > 35 | 2 |
| Virton | Collège Notre-Dame du Bonlieu | 5,86 | 1 | |
| Bouillon | Domaine les Amerois | 5,81 | 31 | 1 |
| Suxy | Château des Croisettes | 5,77 | 30 | 2 |
| Bende | Domaine de Jenneret | 5,45 | 30 | 1 |
| Étalle | Château de Sainte-Marie-sur-Semois | 5,30 | 1 | |
| Hampteau | Château d'Heblon | 5,22 | 22 | 1 |
| Florenville | Bei der Kierch | > 5,00 | > 25 | 1 |
| Florenville | Forge Roussel | 4,72 | 40 | 1 |
| Libin | Privatterrain am Duerf | 4,57 | 20 | 1 |
