Mandala

Vu Wikipedia
Mandala

Mandala (Sanskrit: Krees) bezeechent e meeschtens ronnt, kreessymmetrescht Bild, op deem a Kreesser a Véierecker verschidde Saachen ze gesi sinn, déi zum gëttleche Beräich vum Vajrayana gehéieren.

E Mandala weist geeschteg a kosmesch Bezéiungen, d'Verhältnesser vum Ech, der Welt an dem Gëttlechen. Déi buddhistesch Gottheete ginn als Persounen oder Symboler duergestallt. Dacks gesäit een op engem Mandala dat ganzt Universum mat Buddhaen, mat Gëtter a Gëttinnen, mat Déieren a Planzen, mat Bierger, Flëss a Landschaften.

Meeschtens ass e Mandala op faarwege Stoff oder Pabeier gemoolt, et kann awer och mat faarwegem Räis op de Buedem gestreet ginn oder a Steen oder Metall geritzt sinn. E Mandala soll dem Meditéierenden de Wee zum Verständnis vu Mikro- a Makrokosmos weisen. Sou soll hien déi geheimnisvoll Zesummenhäng vu sengem Liewe mat der Welt a mam gëttleche Buddha verstoen.