Manderfeld

Vu Wikipedia
Manderfeld
D'Lambertuskierch mat riets dernieft d'Siweschléiferkapell
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Büllingen
Koordinaten 50° 19’ 50’’ N
      06° 20’ 24’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4760

Manderfeld ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Büllingen a Wallounien, an der Provënz Léck. Manderfeld läit an den Ostkantonen op der belsch-Däitscher Grenz, am Naturschutzgebitt Héicht Venn, op enger Héicht vun tëscht 540 a 670 Meter. Um Territoire vun der Uertschaft entspréngt d'Our.

Bis virun der belscher Gemengreform vun 1977 war Manderfeld eng eegestänneg Gemeng.

Si gehéiert zur Däitschsproocheger Communautéit vun der Belsch a läit an den Ostkantonen, déi eréischt 1922, nom Traité vu Versailles, bei d'Belsch koumen.

Virdrun huet d'Uertschaft grad wéi d'Gemeng Büllingen vun 1814 bis 1919 zu Preisen gehéiert, an tëscht 1919 an 1922 stoung se ënner Verwaltung vum Haut-Commissariat royal. Vun 1940 bis 1945 war se un d'Drëtt Räich ugeschloss.

D'Kierch[änneren | Quelltext änneren]

De Patréiner vun der Kierch ass den Hl. Lambert. Den éischte Bau staamt warscheinlech aus dem néngten oder zéngte Joerhonnert. Den Tuerm huet haut nach déi markant Eegenschafte vun engem Wiertuerm. Den haitege Bau ass deelweis aus dem 16. Joerhonnert. Ëm 1780, ënner dem Paschtouer Urban gouf ëmgebaut. D'Laangschëff dat bis du vun enger Mëttelsail gedro gouf krut déi haiteg Form. Den Duxall an de Kräizwee mat de Siweschléifer, aus roudem Sandsteen, goufen ënner der Regie vum deem Paschtouer ugeluecht.