Manfred Memorial Moon Mission

Vu Wikipedia
4M-Mission
Typ Moundsond, Amateurfunksatellit
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Agentur LuxSpace
OHB
COSPAR-Bezeechnung 2014-065B
Apogeum 404.724 km
Perigeum 1.282 km
Bunnschréi 30,4737°
Mass 14 kg
Gréisst zirka 61 cm × 26 cm × 10 cm (L×B×H)
Bunn-Ëmlafzäit 15.746,1 Minutten
Exzentrizitéit
Start 23. Oktober 2014, 18:00 UTC
Startplaz Kosmodrom Xichang
Drorakéit Laange Marsch 3
Status vergloust de 6. Oktober 2015

D'Manfred Memorial Moon Mission (oder 4M-Missioun) war eng däitsch-lëtzebuergesch Moundsond an en Amateurfunksatellit.

Bei der 4M-Missioun huet et sech ëm eng Laanschtfluchsond gehandelt, déi op der Bunn zum Mound an zréck déi kosmesch Stralung ënnersicht huet. 4M hat och eng Amateurfunknotzlaascht mat, déi d'Telemetrie iwwerdroen hat an en Amateurfunkexperiment abezunn huet. D'Käschte vum Projet ware 400.000 EUR. D'Missioun war eng Widmung un de Firmengrënner vun OHB, Manfred Fuchs, deen 2014 gestuerwe war. De Fuchs war nach un der Virbereedung vun der Missioun bedeelegt.

Optrag[änneren | Quelltext änneren]

D'Notzlaascht 4M war an der leschter Stuf vun der chineesescher Drorakéit Chang Zheng 3C vun der Haaptnotzlaascht Chang'e 5-T1 festgemaach. Dës Stuf hat d'Bezeechnung CZ-3C R/B an ass der Primärnotzlaascht op der Bunn ëm de Mound gefollegt. D'Distanz war beim Laanschtfluch beim moundnooste Punkt zirka 13.000 km. Uschléissend sinn Rakéitestuf an d'Sond ëm d'Äerd gekreest, ufanks all 10,5 Deeg op enger héijer elliptescher Ëmlafbunn. De 6. Oktober 2015 si si dunn an der Äerdatmosphär vergloust.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

De Satellit bestoung aus follgende Baugruppen:

  • Primärbatterie (28 Stéck ne neesopluedbar Batteriezellen, déi 6 W wärend der Haaptmissioun liwwerten)
  • zweet Spannungsversuergung (2 × 9 Triple Layer Solarzellen an 4 × Li-Ion-Zellen)
  • Stralungsexperiment mat engem Dosimeter vum Fabrikant iC-Málaga fir d'Bestëmmung vun der Stralungsdosis iwwer der Fluchbunn
  • On-Board-Computer FM430 an Interfacekaart
  • I/Q-Modulator
  • VHF-Leeschtungsverstäerker 1,5 Watt
  • Lambda-Véierel-Stabantenn

De Sender vum Satellit hat d'Telemetrie iwwerdroen a ronn 2500 virbereete Bakentexter an der Betribsart JT65B. D'Missioun war knapps dräi Wochen nom Start den 11. November 2014 fäerdeg, nodeem d'Batteriespannung op 8,4 Volt gefall war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernd Michlewski: LX0OHB:Deutsche Mondmission auf 145 MHz zu empfangen, FUNKAMATEUR (63. Jg.) 12/2014 Säit 1291–1292.
  • Thorsten Schmidt: 4M – Eine Mondmission für Funkamateure, AMSAT-DL Journal (41. Jg.) 4/2014 Säit 16–17.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]