Manuel Marín

Vu Wikipedia
Manuel Marín
Gebuer 21. Oktober 1949
Ciudad Real
Gestuerwen 4. Dezember 2017
Madrid
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Spuenien
Educatioun Universitéit vun Nanzeg,
Collège d'Europe
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Partido Socialista Obrero Español
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

De Manuel Marín González, gebuer den 21. Oktober 1949 zu Ciudad Real a gestuerwen de 4. Dezember 2017 zu Madrid, war e spuenesche Politiker (PSOE).

De Manuel Marín huet Droit mat Spezialisatioun op europäeschem Droit studéiert. Tëscht 1977 an 1982 a vun 2000 bis 2008 gouf hien op der Lëscht vum PSOE an de Congreso de los Diputados, déi Ënnescht Chamber, gewielt. Vun 1982 bis 1985 war Regierungsmember, zoustänneg fir d'Bäitrëttsverhandlunge mat der Europäescher Gemeinschaft.

Vun 1986 bis 1999 war hie Member vun der Europäescher Kommissioun: ënnert dem Jacques Delors zoustänneg fir Beschäftegung, sozial Affairen a Chancegläichheet an ënnert dem Jacques Santer fir d'Bezéiunge mam Mëttelmierraum, Latäinamerika a Mëttel- an Ostasien. Nom Récktrëtt vun der Santer-Kommissioun, 1999, war de Marín e puer Méint laang President vun der Europäescher Kommissioun faisant fonction.

Wéi hien nees zeréck a Spuenie war, war hie vun 2004 bis Mäerz 2008 President vum Congreso de los Diputatdos. Dono huet hie sech aus der Politik zeréckgezunn a gouf President vun enger Fondatioun.

Hie war bestuet an hat zwee Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Manuel Marín – Biller, Videoen oder Audiodateien