Uergelmanufaktur Bernard Aubertin

Vu Wikipedia

D'Manufacture d'Orgues Bernard Aubertin S.A.S ass eng Uegelmanufaktur zu Courtefontaine am Jura, ongeféier op hallwem Wee tëscht Dole a Besançon.

D'Manufaktur gouf 1978 vum Bernard Aubertin gegrënnt an hir Ateliere sinn an engem ale Priorat vun 1137. Si beschäftegt tëscht 6 an 9 Handwierker.

De Grënner an Direkter Bernard Aubertin, zeechent an harmoniséiert d'Instrumenter selwer.

Hie war vun 1990 - 1993 Chargé de cours um CNFA FO zu Eschau.

1994 krut hien de Grand Prix Crédit du Nord - Vieilles Maisons Françaises fir d'Restauratioun vun de Gebaier vum ale Priorat aus dem 12. Joerhonnert, an de franséische Kulturministère gouf him op Liewenszäit den Titel Maître d'Art en facture d'orgues. Hie krut och vun der Stad Paräis d'Médaille de Vermeil de la Ville de Paris.

Am Joer 2006 gouf hie vun der Universitéit vun Aberdeen Dokter Honoris Causa genannt a gouf domat den éischten Uergelbauer deen dësen Titel a Groussbritannie krut.

Aubertin-Uergelen a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Aubertin-Uergelen a Japan[änneren | Quelltext änneren]