Mao Zedong

Vu Wikipedia
Mao Zedong
Gebuertsnumm 毛澤東
Gebuer 26. Dezember 1893
Gestuerwen 9. September 1976
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit China
Aktivitéit Politiker, Dichter, Schrëftsteller, Philosoph, Enseignant, Bibliothecaire, politeschen Theoretiker, Revolutionär
Partei Chineesesch kommunistesch Partei
Famill
Kanner Mao Anlong

De Mao Zedong, respektiv Mao Tse-tung (毛澤東), gebuer de  26. Dezember 1893 zu Shaoshan a gestuerwen den 9. September 1976 zu Peking, war e chineesesche Revolutionär, Politiker an Auteur.

Als President vun der Kommunistescher Partei vu China (1943–1976), als President vun der Zentraler Volleksregierung (1949–1954) an als Staatspresident vun der Volleksrepublik China (1954–1959) war hien ee vun de wichtegse Politiker, déi international „Paramount Leader“ genqnnt ginn, vun der Volleksrepublik China, déi hie gegrënnt hat.

No him gouf déi politesch Beweegung vum Maoismus genannt.

Hie gouf vun der Xinhai-Revolutioun 1911 beaflosst, duerch déi d'Republik China entstanen ass; duerch d'Beweegung vum véierte Mee 1919 a seng Studienzäit, a war e Grënnungsmember vun der Kommunistescher Partei an der Rouder Arméi, déi am Chineesesche Biergerkrich (1927–1949) géint d'Truppe vun der Kuomintang gekämpft hunn a keurz nom Zweete Japanesch-Chineesesche Krich, deen se zesummen als Eenheetsfront gefouert a gewonnen hunn, an déi d'Volleksrepublik China installéiert hunn.

Wéi e bis un der Muecht war, huet a China d'Verännerung vun engem réckstännegen agraresche Feudalstaat zu enger politischer wirtschaftlechet Groussmuecht ugefaangen. Mee déi Campagnen a Programmer, déi de Mao virugedriwwen huet, absënns de Grousse Sprong no vir an d'Kulturrevolution, haten och der Doud vu Millioune vu Mënschen an essentiel ekonomesch Schied, de Verloscht vu kulturellem Patrimoine a verfeelte gesellschaftleche Strukturen als Folleg.

Ënnert dem Deng Xiaoping koum et no 1976, am Kader vun der Reform- und Ëffnungspolitik zu enger neier politescher an ekonomescher Richtung, ewech vum Mao senge Prinzipien. Säi Vermiechtnes als bedeitende Revolutionär, militäresche Strateg a politesche Leader gëtt awer weiderhin a China héich gehalen. Esou ass hien ë. a. op Renminbi-Biljeeën ze gesinn, an op der Paart vum Himmlesche Fridden zu Peking, do, wou en den 1. Oktober 1949 d'Volleksrepublik China proklaméiert hat, hänkt säi Portrait op prominenter Plaz.

UTrotz de Kontroversen ëm seng Persoun, déi ëmmer nach gefouert ginn, gëllt de Mao als ee vun den aflossräichste Politiker vun der Geschicht a gouf 1998 vum Time Magazine zu engem vun den 100 wichtegste Persoune vum 20. Joerhonnert ausgeruff.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Time 100 Persons of the Century, 6. Juni 1999.