Marc Fischbach

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Jurist a Politiker. Fir de lëtzebuergeschen Handballspiller, kuckt wgl. Marc Fischbach (Handballspiller).
Marc Fischbach
Gebuer 22. Februar 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter, Nottär
Partei CSV

De Marc Fischbach, gebuer den 22. Februar 1946 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist a Politiker. Hie war ë. a. Minister, Riichter um Mënscherechtsgeriichtshaff an Ombudsmann.

De Marc Fischbach huet Droit op der Faculté de Droit de Nancy studéiert a gouf duerno Affekot an Nottär.

Politesch huet hie sech an der CSV engagéiert a war 1979 bis 1984 Deputéierten ab der Chamber. Hie war vum 19. Juli 1979 bis den 23. Juli 1984 Deputéierten am Europäesche Parlament.[1]

1984 gouf e Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, Arméiminister, Minister vun der Ëffentlecher Verwaltung a Sportminister an der Regierung Santer-Poos I, 1989 Erzéiungsminister; Justizminister a Minister vun der Ëffentlecher Verwaltung an der Regierung Santer-Poos II an 1994, an der drëtter Santer-Poos-Koalitioun, Minister fir Erzéiung, Fuerschung a Justiz. An der Regierung Juncker-Poos war hien du vun 1995 bis 1998 Justizminister; Budgetsminister a Minister fir d'Bezéiunge mam Parlament.

Den 1. November 1998 gouf de Marc Fischbach Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg (bis de 15. Januar 2004). Den 1. Mee 2004 gouf hien deen éischte lëtzebuergeschen Ombudsmann. Am September 2009 gouf hien op der Generalversammlung vun der Association des Ombudsman et Médiateurs de la Francophonie op zwee Joer zu hirem President gewielt[2] Duerch d'Gesetz vum 11. Abrëll 2010 gouf de Marc Fischbach zousätzlech Responsabele vum Service de contrôle externe des lieux privatifs de liberté.[3]

Enn Januar 2012 huet d'Lydie Err en a senger Funktioun als Ombudsmann ofgeléist.[4]. Den 28. Mäerz 2012 gouf de Marc Fischbach zum President vun der COPAS gewielt.[5]

Hien ass de Jong vum Marcel Fischbach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Les anciens Députés luxembourgeois op der Websäit vum Europaparlament
  2. "Marc Fischbach élu président de l'Association des Ombudsman et Médiateurs de la Francophonie", Communiqué le 11.09.2009 par AOMF. paperjam.lu.
  3. www.cepl.lu
  4. "Lydie Err: En emotionalen Depart aus der Chamber." RTL.lu - 01.02.2012, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 08:03.
  5. "COPAS: Marc Fischbach neuer Prâsident." tageblatt.lu, 29. Mäerz 2012 15:02; Akt: 29.03.2012 15:16.