Op den Inhalt sprangen

Marc Heinen

Vu Wikipedia
Marc Heinen
Gebuer 28. November 1958
Lëtzebuerg
Gestuerwen 12. November 2025
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Marc Heinen, gebuer den 28. November 1958 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 12. November 2025[1], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a Mataarbechter vun der Sektioun Beetebuerg, Monnerech, Réiserbann vun natur&ëmwelt.

No senger Studentenzäit huet en e puer länger Reese gemaach, an ënner dem Androck vun dem Erlieften eng Rei autobiographesch Texter geschriwwen. Vun 1981 un huet e fir d'Post geschafft.

Hie war Member a verschiddenen Naturschutzveräiner an huet Texter an den Zäitschrëften Regulus an De Kéisécker geschriwwen.

Säi Brudder ass de Schrëftsteller an Editeur Norbert A. Heinen.

  • 1978: Das Gute und das Böse. Die grosse Reise
  • 1979: 30 Bilder von den inneren Gärten
  • 1981: Dänneflilék

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 15. November 2025