Marc Romersa

Vu Wikipedia
Marc Romersa
Gebuer 1. Februar 1956
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Liichtathleet

De Marc Romersa, gebuer den 1. Februar 1956 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Liichtathleet (Héichsprong).

No engem erfollegräichen Debut als Konschtturner (9 bis 17 Joer) huet de Marc Romersa 1972 bei d'Liichtathleetik gewiesselt, an huet do am Schnellduerchgang de lëtzebuergesche Rekord am Héichsprong vun 1,93m (1973) op 2,15m (27. Juni 1976) geschrauft an domat de Minimum fir d'Olympesch Spiller vu Montréal 1976 realiséiert. Bei dëse Spiller ass de Marc Romersa mat enger Leeschtung vun 2,05m (29. Plaz vun 37) an der Qualifikatioun ausgescheet.

Hien huet 1980 verletzungsbedéngt misse mam Héichsprong ophalen, mä stoung sengem Club, dem C.A. Diddeleng, nach vill Joren als Trainer a Kommitteesmember zur Verfügung.

De Marc Romersa ass de Papp vum Batteur Pit Romersa a vum Handballspiller Max Romersa (HB Diddeleng). Säi Papp, de Jos Romersa, huet 1936 bei den Olympesche Spiller vu Berlin am Konschtturnen deelgeholl.

Hien ass Kommitteesmember vun der Association luxembourgeoise des olympiens an huet den Internetsite "olympiens.lu" entwéckelt.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

11 Landesrekordverbesserungen an der Kategorie Senior

1976[änneren | Quelltext änneren]

  • Participatioun bei den Olympesche Spiller 1976 zu Montreal
  • Lëtzebuerger Rekord am Héichsprong mat 2,15 m
  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,13 m)

1977[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,00 m)

1978[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)

Beschtleeschtung: 2,15 m

Weider Leeschtungen: 6,61 m am Wäitsprong, 11'4" op 100 m

Weider Sportaarten: Volleyball, Badminton

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]