Marc Tarabella

Vu Wikipedia
Marc Tarabella
Gebuer 11. Mäerz 1963
Ougrée
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Politiker, Soziolog
Partei Parti socialiste

De Marc Tarabella gebuer zu Ougrée den 11. Mäerz 1963 ass e belsche franséischsproochege Politiker. Hien ass Member vun der Belscher sozialistescher Partei.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien krut 1986 eng Licence an der Soziologie vun der Universitéit vu Léck. Vun 1990 bis 2004 huet hien als Clientsberoder an enger lokaler Spuerkeess geschafft.

Seng politesch Karriär huet 1988 ugefaangen, wéi hie fir d'éischt an de Gemengerot vun der Gemeng Anthisnes gewielt gouf. 1994 gouf hien du Buergermeeschter, an ass dat och zënterhier.

Hie war tëscht 2004 an 2007 an tëscht 2009 an 2014 Member vum EU-Parlament.

Tëscht 2007 an 2009 war hie Ministre de la Formation vun der Wallounescher Regioun, a Ministre de la Jeunesse et de l'Enseignement de Promotion sociale à la Communauté française.

Quell[änneren | Quelltext änneren]