Marcel Brillon

Vu Wikipedia
Marcel Brillon
Gebuer 4. Oktober 1909
Simmer
Gestuerwen 7. Juli 1991
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Preparateur, Naturfotograf
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

De Marcel Brillon, gebuer de 4. Oktober 1909 zu Simmer a gestuerwen de 7. Juli 1991 am Pafendall (Stad Lëtzebuerg),[1] war e lëtzebuergeschen Naturfotograf.

De Marcel Brillon huet vun 1945 un als techneschen Assistent (naturaliste préparateur) am naturhistoresche Musée geschafft.[2]

Fotoausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

De Brillon huet mat senge Fotoen un internationalen Ausstellungen zu Paräis, Providence (USA), Singapur a Lëtzebuerg deelgeholl.[3]

Vum 7. bis den 31. Mee 1957 hat hien eng grouss Ausstellung am Staatsmusée an der Stad Lëtzebuerg.[3],[4] 1967 ware seng Fotoe vum 27. Juni bis den 3. Juli am Diddelenger Stadhaus an enger Ausstellung vun der lokaler Vulleschutzsektioun ze gesinn.[5]

Fotoe vun der Flora an der Fauna vun Europa an Afrika huet de Brillon am Januar 1975 am Staatsmusée ausgestallt.[6]

Fotoen an de Sëtzunge vun der SNL[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Brillon ass 1949 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn.[7] Hien huet seng Fotoe reegelméisseg an de Sëtzunge vun der SNL als besonnesch interessant Eenzelopnamen oder am Kader vun enger Diashow presentéiert.[8]

Fotoen an Zäitschrëften a Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Fotoe vum Brillon sinn am Bulletin vun der SNL, am Regulus, dem Letzeburger Land an der Ucht, wou hien ë. a. mam René Schmitt zesummegeschafft huet,[9] ze fannen. Op Fotoe vum Brillon. huet och de Jean Morbach zeréckgegraff, z. B. am Band 4 vu sengen „Vögel der Heimat“ (1962).[10]

Auteur[änneren | Quelltext änneren]

Als Member vun der Vulleschutzliga[3] huet de Brillon zwéi kleng Beiträg am Regulus publizéiert, een iwwer d'Trommele vum Spiecht, den aneren iwwer en interessant Nascht vum Waasserhéngchen (Gallinula chloropus). Am Bulletin vun der SNL huet hien en Artikel iwwer d'Suppendeckelsmouken (Emys orbicularis), déi zu Lëtzebuerg gefaange goufen, publizéiert.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Brillon, M., 1951. Les captures de Tortues des marais (Emys orbicularis L.) au Grand-Duché de Luxembourg, depuis 1890. Bull. Soc. Nat. luxemb. 55 (1950), 368-372. PDF [11]
  • Brillon M.: Einiges über das Trommeln der Spechte. Regulus, Band 5 (1946-1953), S. 431.[12]
  • Brillon M.: Interessantes Nest von Gallinula chloropus. Regulus, Band 5 (1946-1953), S. 443.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Dem Marcel Brillon seng Mamm war d'Emma Ewen (alias Even), gebuer den 12. August 1889 zu Simmer, déi net bestueten Duechter vum deemolege Cantonnier Nicolas Ewen (1853 Heeschdref – 1923 Simmer) a senger Fra Marie Ries (1849 Simmer – 1905 Simmer), déi sech 1878 zu Reims bestuet haten.[13] De Jong huet am Ufank Marcel Ewen (respektiv Even) geheescht. Wéi seng Mamm sech den 2. Oktober 1912 zu Simmer mam François Brillon, Eisebunner zu Péiteng, bestuet huet, ass de Marcel legitiméiert ginn an huet vun do u Brillon geheescht.[14]

D'Koppel Brillon-Ewen krut den 19. Mee 1913 e Meedchen, d'Anna, dat zu Péiteng op d'Welt koum. De François Brillon, deen an deem Moment Maschinnenheizer war, war den 12. Dezember 1887[15] zu Lewarde (Nord, Frankräich) op d'Welt komm. Am 1. Weltkrich ass hien als Fransous an déi franséisch Arméi agezu ginn. Hien ass de 5. Abrëll 1915 bei Hennemont (Meuse) als Sergeant am 127. Infanterie-Regiment gefall (tué à l'ennemi, mort pour la France).[16] Hie war de Jong vum Mineur François Ferdinand Joseph Brillon (1858 Fressain – 1894 Guesnain) an der Marguerite (Maria) Mayer (alias Maier), 1859 gebuer an 1893 zu Méricourt, Pas-de-Calais gestuerwen.[17]

De Marcel Brillon huet sech den 8. Oktober 1937 zu Waldbëlleg mat der Anne Marie Thill bestuet[18], déi den 2. September 1917 zu Haler als Duechter vum Bauer Pierre Thill op d'Welt komm war[13].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Krieps, Rosch, 1957. Geknipste Naturgeschichte. Photoausstellung Marcel Brillon im Staatsmuseum. d'Letzeburger Land, 4. Jg., nº 18 (03.05.1957), S. 4. PDF
  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116: 5-302 [Marcel Brillon: S. 207-208]. PDF.
  • Regulus, 1957. Naturphoto-Ausstellung Marcel Brillon im Staatsmuseum in Luxemburg. Regulus 1957 (3), S. 51-52 (signéiert: rst).
  • Schaaf, Arsène, 1967. Ausstellung über Vogelschutz und Vogelkunde in Düdelingen. Regulus 1967 (4), S. 84-85. PDF
  • Werner, J., 1992. Notes nécrologiques. SNL 93 (1992), S. 223. PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxroots.org; Tageblatt 1991-07-13, S. 33 (Avis mortuaires),
  2. L. Reichling, 1985. In memoriam Marcel Heuertz 1904-1981. Bull. Soc. Nat. luxemb. 85 (1980-1982), S. 4.
  3. 3,0 3,1 3,2 Regulus 1957.
  4. Krieps, R., 1957. Geknipste Naturgeschichte: Photoausstellung Marcel Brillon im Staatsmuseum. In: d'Letzeburger Land, 4. Jg., nº 18 (03.05.1957), p. 4. [1]
  5. Schaaf 1967.
  6. Foires et expositions. In: Bulletin de documentation, Service Information et Presse, Luxembourg, janvier-février-mars 1975, S. 42.
  7. Bull. Soc. Nat. luxemb. 54 (1949), S. 333 (Nouveaux membres de la Société des naturalistes luxembourgois).
  8. Bull. Soc. Nat. luxemb. 61 (1956), S. 281 (séance du 5 novembre 1956); Bull. Soc. Nat. luxemb. 67 (1962), S. 38 (séance du 5 février 1962), id. Echo des Naturalistes 1 (1962), S. 4; Bull. Soc. Nat. luxemb. 78 (1973), S. 39 (séance du 29 janvier 1973, Un safari photographique en Afrique orientale); Bull. Soc. Nat. luxemb. 79 (1974), S. 151 (séance du 21 janvier 1974, Quelques aperçus sur la flore et la faune de l'Afrique orientale); Bull. Soc. Nat. luxemb. 80 (1975), S. 109 (séance du 8 décembre 1975, Safari photo en Afrique orientale). — Kuck och: Werner 1992 a Massard 2015.
  9. Schmitt, René, 1964. Die Vögel des Luxemburger Stadtparks heute und früher. Luxemburg, Luxemburger Liga für Vogelkunde und Vogelschutz, 40 S.
    Schmitt, René, 1964. Aus der Vogelwelt des Müllertals. In: An der Ucht. 18 (1964), S. 65-69.
    Schmitt, René, 1965. Die Beizjagd, ein Relikt aus alter Zeit. In: An der Ucht 19 (1965), S. 79-83.
  10. d'Letzeburger Land 1962-06-01, S. 5 (Kreuz und Quer)
  11. Kuck heizou d'Kapitel “Schildkröten in Luxemburg“ in: Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bull. Soc. Nat. luxemb. 116, S. 12-14. PDF
  12. De Jean Morbach schreift heizou: „Im Mai 1951 stellte Brillon einen Buntspecht fest, der an einem eisernen Gittermast der elektrischen Hochspannungsleitung trommelte. Auf Befragen der in der Nähe Beschäftigten erhielt er die Antwort, daß der Vogel schon seit »geraumer Zeit« täglich dort trommele.“ (Vögel der Heimat. Band 4. Ordnungen der Rackenvögel, Spechte und Eulen. Kremer-Müller, Esch-Alzette 1962, S. 103).
  13. 13,0 13,1 Luxroots.org
  14. Gemeng Simmer, État civil, Acte de mariage 1912, N° 7.
  15. Gemeng Lewarde, État civil, Regëster 1887, N° 68. — Am Acte de mariage vun der Gemeng Simmer steet fälschlecherweis den 13. Dezember als Dag vun der Gebuert.
  16. Mémoire des hommes, Première Guerre mondiale : Fiche : François Auguste Brillon
  17. Geneanet
  18. Luxracines.lu