Marcel Hulten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Marcel Hulten, gebuer de 7. August 1912 zu Keel a gestuerwen den 10. Februar 1973 zu Diddeleng, war e lëtzebuergeschen Ornitholog.

De Marcel Hulten huet sech schonn als Bouf am Joer 1926 an der Lëtzebuerger Vulleschutzliga engagéiert. Am Mee 1927 huet hien am Bulletin vun der Liga eng éischt bescheide Kontributioun an der Rubrik « Ornithologische Beobachtungen » publizéiert; hie war du knapps 15 Joer al. Am Joer 1936 huet hien seng éischt méi grouss Etude, en Artikel iwwer d'Huergänsen, am Bulletin vun der Liga verëffentlecht.

Am Joer 1952 hëlt den Hulten d'Redaktioun vum Bulletin vun der Vulleschutzliga, dee sech vun 1954 un « Regulus » genannt huet, an d'Hand. 1965 gëtt hien déi Charge un de Victor Wassenich, mat deem hien zënter 1951 zesummeschafft, weider.

Den Hulten huet vill Artikelen am Bulletin vun der Vulleschutzliga bzw. am « Regulus » publizéiert, dee leschte kuerz viru sengem Doud an der Dezember-Nummer vun 1972 iwwer e Wanterkueb, dee schwätze konnt: « Eine sprechende Saatkrähe (Corvus frugilegus) ». Hien huet awer och am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) publizéiert.

Säin Haaptwierk bleift « Die Vogelfauna Luxemburgs », dat hie mam Vic. Wassenich zesumme verfaasst huet, an dat an den « Archives » vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal an zwéin Deeler 1961 bzw. 1962[1] erauskomm ass. D'Membere vun der SNL kruten dovu jee een Ofzuch gratis[1]. Am Joer 1963 ass dat Ganzt als Sonderdrock vu ronn 300 Säiten, dee bei der Vulleschutzliga fir 70 Frang ze kréie war, erauskomm[2].

Den Hulten war « membre correspondant » vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal vun 1959 un, a Member vun der SNL zënter 1937.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hulten, M., 1937. Der Waldbaumläufer brütet im Gutland. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 47, S. 180-183.
  • Hulten, M., 1938. Zur Kenntnis der Zaunammer (Emberiza cirlus). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 48, S. 211-213.
  • Hulten, M., 1939. Verbreitung und Fortpflanzung der Haubenlerche in Luxemburg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 49, S. 153-158.
  • Hulten, M., 1946. Le chant des oiseaux d'après les notices ornithologiques d'Alphonse de la Fontaine. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 1946, Livre Jubilaire, fasc. 2, S. 33-46.
  • Hulten, M. & V. Wassenich, 1960. Die bekanntesten Vögel Luxemburgs. Bilderatlas der heimischen Vogelwelt. Zweite, erweiterte Auflage. Neubearbeitet im Auftrage des Luxemburger Landesverbandes für Vogelkunde und Vogelschutz von M. Hulten und Victor Wassenich. Ministerium für Nationale Erziehung in Luxemburg (ed.), Bern, Hallwag AG, 80 S.
  • Hulten, M. & V. Wassenich, 1961. Die Vogelfauna Luxemburgs. I. Teil. Archives de l’Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NS 27 (1960), S. 293-422.
  • Hulten, M. & V. Wassenich, 1962. Die Vogelfauna Luxemburgs. II. Teil. - Archives de l’Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NS 26 (1961), S. 339-488.
  • Hulten, M., 1963. Von früheren Brutvögeln. Regulus 43 (7), S. 300-308, 315-321.
  • Hulten, M., 1963. Die Vogelberingung im Großherzogtum Luxemburg von den Anfängen bis 1960. Regulus, 43 (Beilage 1), 40 S.
  • Hulten, M. & V. Wassenich, 1970. Vogelkunde in Luxemburg unter besonderer Berücksichtigung des Zeitraums 1920 bis zur Gegenwart. Regulus 10 (2-5), S. 68-76.
  • Hulten, M., 1972. Die Weidenmeise (Parus montanus) im Großherzogtum Luxemburg. Regulus 52 (14), S. 379-401.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]