Marcel Marceau
| Marcel Marceau | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Marcel Mangel |
| Pseudonym | Bip, Le mime Marceau |
| Gebuer |
22. Mäerz 1923 Stroossbuerg |
| Gestuerwen |
22. September 2007 Cahors |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | Lycée Fustel-de-Coulanges (Strasbourg) |
| Aktivitéit | Pantomime, Schauspiller, Clown, Zirkusartist, franséische Resistenzler, Moler, Lithograph, Filmschauspiller, visuelle Kënschtler, Komiker |
| Member vun | Akademie der Künste der DDR, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Académie des beaux-arts |
| Auszeechnungen | Officier vun der Légion d'honneur, Commandeur de l'ordre national du Mérite, Commandeur des Arts et des Lettres, Chevalier des Palmes académiques |
| Bestuet mat | Ella Jaroszewicz |
|
| |

De Marcel Marceau (mam richtegen Numm Marcel Mangel), genannt le mime Marceau, gebuer den 22. Mäerz 1923 zu Stroossbuerg, a gestuerwen den 22. September 2007 zu Cahors, war e franséische Schauspiller a Pantomime.
Hie gouf mat sengem Personnage Bip international bekannt.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]De Marcel Mangel, deen aus eng jiddescher Famill koum, ass am Zweete Weltkrich zu Limoges der franséischer Resistenz bäigetrueden an huet do den Decknumm Marceau ugeholl. Nom Krich goung hien zu Limoges op d'École des arts décoratifs.
Den Dag vu sengem 24. Gebuertsdag huet de Marceau säi Personnage Bip fir d'éischt op enger Bün dem Public virgestallt. Mat deem gouf hien ee vun de bekanntste Pantomimë weltwäit. 1978 huet hien zu Paräis eng Schoul fir Pantomimen opgemaach, wou en och Coursë ginn huet.
Hien huet och verschidde Bicher geschriwwen, dorënner L'Histoire de Bip, Les sept péchés capitaux a Pimporello.
De Marcel Marceau ass um Père Lachaise-Kierfecht begruewen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1968: Barbarella vum Roger Vadim (déi éischt Kéier, wou ee seng Stëmm konnt héieren)
- 1976: Silent movie vum Mel Brooks
- 1989: Kinski Paganini vum Klaus Kinski
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vun der Légion d'honneur
Grand Officier de l'Ordre national du Mérite
Commandeur de l'Ordre des Arts et des Lettres
Chevalier de l'Ordre des Palmes académiques
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Marcel Marceau – Biller, Videoen oder Audiodateien |
