Marcel Schlechter
Marcel Schlechter | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
9. Juli 1928 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
Partei | LSAP |
De Marcel Schlechter, gebuer den 9. Juli 1928, an der Stad ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
Hien huet als Gäertner, Chauffer a Stolaarbechter geschafft.
Hie war Member vum LAV, duerno vum Landesverband, a war President vun der Gewerkschaft vun de Beruffschaufferen ACAL. Hien ass 1957 Member vun der LSAP ginn a gouf op hirer Lëscht 1963 an den Iechternacher Gemengerot gewielt, wou e bis 1969 Schäffe war.
1967 ass en an d'Chamber nogerëtscht, nodeem de Victor Bodson Member vun der Europäescher Kommissioun gouf. 1968 ass en net erëmgewielt ginn, mä dofir 1974, a vun do un ëmmer nees bis 1989 nach mat.
An der Regierung Santer-Poos I, tëscht 1984 an 1989, war de Marcel Schlechter Minister fir Transport, Ëffentlech Aarbechten an Energie.
1990 huet e säi Chambermandat géint dat vum Europäesche Parlament ëmgetosch, wou en den 9. Oktober 1990 de Sëtz vum Robert Krieps, dee gestuerwe war, iwwerholl huet. 1994 gouf en duer erëmgewielt.
Éierungen[änneren | Quelltext änneren]
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotion 1978)[1]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022