Op den Inhalt sprangen

Marcel Steffen

Vu Wikipedia
Marcel Steffen
Gebuer 9. Oktober 1925
Altwis
Gestuerwen 13. Mäerz 1977
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker, Mecanicien, Gewerkschaftler
Fonctioun Buergermeeschter
Stroosseschëld zu Altwis

De Marcel Steffen, gebuer den 9. Oktober 1925 zu Altwis, a gestuerwen den 13. Mäerz 1977,[1] war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Gewekschaftler (LCGB).

De Marcel Steffen hat eng Ausbildung als Mecanicien an huet vun 1946 bei der Munnerëffer Biederverwaltung geschafft. 1954 gouf hie Member beim LCGB.[1]

Hie gouf 1968 an de Gemengerot gewielt a war vun 1969 bis 1974 Buergermeeschter vun der Gemeng Munneref.[1]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Altwis eng Plaz no him genannt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Marcel Steffen aus Mondorf zum Gedenken. In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 77 (02.04.1977), p. 8 [Digitised by the National Library of Luxembourg].