Marcelle Bous-Castellani
Ausgesinn
| Marcelle Bous-Castellani | |
|---|---|
|
D'Marcelle Bous, 2026 | |
| Gebuer |
12. Juli 1947 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Léierin, Schrëftstellerin |
|
| |
D'Marcelle Bous-Castellani, gebuer den 12. Juli 1947 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch pensionéiert Spillschoulsjoffer a Schrëftstellerin vu Geschichte fir Kanner vun 2 bis 7 Joer.
An hiren Déieregeschichten thematiséiert si d'Bedeitung vu Frëndschaft a Wäerter wéi sozial Engagementer. Si huet d'Associatioun Les Amis du Téléthon gegrënnt.
No hirer Ausbildung als Spillschoulsjoffer (1964 – 1967) huet si vun 1967 bis 1972 zu Zolwer ënnerriicht a vun 1984 bis zu hirer Pensioun zu Esch-Uelzecht.
Verëffentlechungen
[änneren | Quelltext änneren]- Geschichte fir déi Kleng. Geschriwwen an illustréiert vum[sic] Marcelle Bous-Castellani. Erausgi vun der Action familiale et populaire, Letzebuurg[sic]: Sankt-Paulus-Dréckerei, 1982
- Bigudi de Kéisécker: Geschichte fir déi Kleng. Geschriwwen an illustréiert vum[sic] Marcelle Bous-Castellani, Lëtzebuerg: Lions Club Luxembourg-Fort Vauban, 1996
