Margery Allingham

Vu Wikipedia
Margery Allingham
Gebuertsnumm Margery Louise Allingham
Pseudonym Maxwell March
Gebuer 20. Mee 1904
Gestuerwen 30. Juni 1966
Colchester
Doudesursaach Broschtkriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun University of Westminster
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Editeur

D'Margery Allingham, gebuer den 20. Mee 1904 zu London a gestuerwen den 30. Juni 1966 zu Colchester, Essex war eng englesch Schrëftstellerin a Krimi-Auteur. Si ass eng Vertriederin vum klasseschen Detektivroman.

Verfilmung vun engem Krimi vum Margery Allingham

Si ass an Essex opgewuess a goung zu Cambridge an zu London an d'Schoul. D'Schreiwen hat se vun hirer Famill. Hire Grousspapp war Editeur, hire Papp Journalist a méi spéit fräie Schrëftsteller, hir Mamm an hir ¨Sëschter hunn och geschriwwen.

D'Margery Allingham huet ugefaange mat Theaterstécker. Domat hat si hiren éischte Succès mat 17 Joer. Déi Zäit huet si zu London Theater studéiert, woubäi si hire spéidere Mann, de Philip Youngman Carter kennegeléiert huet. 1923 koum hiren éischte Roman eraus, eng Aventurë-Geschicht Blackkerchief Dick. 1928 koum hiren éischte Kriminalroman eraus, The White Cottage Mystery. Ee Joer drop daucht am The Black Dudley Murder eng Figur op, duerch déi d'Margery Allingham a Krimikreesser bekannt gouf, den Albert Campion. Sou wéi bei der Dorothy Sayers de Lord Peter Wimsey staamt de Campion aus dem héijen Adel.

Am Mystery Mile vun 1930 ass de Campion fir d'éischt Kéier Haaptacteur. Bis 1965 koumen nach 16 Romaner a vill Kuerzgeschichte mam Campion eraus.

Hiert lescht Buch Cargo of Eagles krut si net méi fäerdeggeschriwwen. 1966 ass si u Kriibs gestuerwen an hire Mann huet d'Buch fäerdeggestallt an zwou weider Campion-Aventure geschriwwen, ier hien 1970 gestuerwen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]