Marguerite Thyes

Vu Wikipedia
Marguerite Thyes
Gebuer 4. Juli 1862
Lëtzebuerg
Gestuerwen 6. August 1920
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Papp Alphonse Thyes
Geschwëster André Thyes

D'Margaretha (Marguerite) Thyes, gebuer de 4. Juli 1862 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 6. August 1920, war eng lëtzebuergesch Molerin[1].

D'Marguerite Thyes war dat zweet vun de sechs Kanner vum Alphonse Thyes (1830-1914) an der Louise Ewert (1836-1901)[2][3], an eng Schwëster vum André Thyes.

Hire Papp war techneschen Zeechner fir d'Eisebunn an och als Landschaftsmoler aktiv, hire Brudder den André gouf och fir seng Landschaften bekannt. D'Marguerite huet Blummen a Landschaften op Léngent gemoolt a Porzeläi gemoolt. 1893 waren den Alphonse an den André Thyes Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL), d'Marguerite war och Member vum CAL[4]. 1894 hunn déi dräi beim éischte Salon vum CAL matgemaach, d'Marguerite huet du bis zu hirem Doud all Joer um Salon ausgestallt.

D'Marguerite Thyes ass am Alter vun 58 Joer gestuerwen, si gouf um Nikloskierfecht begruewen[5].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jos Welter, réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Aug. Bruck, "Renseignements généalogiques sur les familles Heuschling et Thyes", Fondations de bourses d'études instituées en faveur des Luxembourgeois. Lëtzebuerg: V. Bück, 1874, s. 22.
  3. Gebuertsschäin, n° 227.
  4. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN2-87963-382-6. s. 344.
  5. "Mademoiselle Marguerite THYES", Luxemburger Wort, 7. Augustus 1920.