Marianne Faithfull
| Marianne Faithfull | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
29. Dezember 1946 Hampstead |
| Gestuerwen |
30. Januar 2025 London |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Educatioun | St Joseph's College |
| Aktivitéit | Sängerin, Filmschauspillerin, Discographesch Kënschtlerin, Schauspillerin |
| Gielercher | Commandeur des Arts et des Lettres |
| Famill | |
| Bestuet mat |
John Dunbar (1965–1966), Ben Brierley (1979–1986), Giorgio Della Terza (1988–1991) |
| Liewenspartner(in) |
Mick Jagger (1966–5.1970), François Ravard (1994–2009) |
| Papp | Robert Glynn Faithfull |
| Mamm | Eva von Sacher-Masoch |
| Geschwëster | Simon Faithfull |
| Kand | Nicholas Dunbar, Corrina Jagger |
|
| |
D'Marianne Evelyn Gabriel Faithfull, gebuer den 29. Dezember 1946 als Marian Evelyn Faithfull zu London, an och do den 30. Januar 2025 gestuerwen[1], war eng englesch Sängerin a Schauspillerin.
Si gouf 1964 mat hirer Interpretatioun vum Lidd As Tears Go By vun de Rolling Stones bekannt a war an de Joren dono e prominente Member vun der brittescher Museks- a Kulturzeen (Swinging Sixties), ënner anerem och wéinst hirer Relatioun mam Mick Jagger. Méi spéit hat si ëmmer nees mat Suchtprobleemer ze dinn. 1979 hat si e Comeback mam Album Broken English.
An den 1990er Joren huet si vill mat anere Museker oder Bands zesummegespillt, wéi Pulp, Metallica, Nick Cave a P. J. Harvey.
Si huet och am Theater an a Filmer gespillt, wou se ë. a. mam Alain Delon a mam Anthony Hopkins virun der Kamera stoung. 2007 hat si d'Haaptroll an der Lëtzebuerger Koproduktioun Irina Palm.
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1966: Made in USA
- 1967: Anna (Teleesfilm)
- 1967: I’ll Never Forget What’s ’is Name
- 1968: The Girl on a Motorcycle
- 1969: Hamlet
- 1974: Ghost Story
- 1976: Assault on Agathon
- 1993: When Pigs Fly
- 1994: Shopping
- 1994: Moondance
- 1996: Crimetime
- 2001: Intimacy
- 2001: Far From China
- 2004: Nord-Plage
- 2006: Paris, je t’aime
- 2006: Marie Antoinette
- 2007: Irina Palm
- 2011: Faces in the Crowd
- 2012: Belle du Seigneur
- 2013: The Girl from Nagasaki
- 2021: Dune (Stëmm)
- 2022: This Much I Know to Be True (Dokumentarfilm)
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- (mam David Dalton) Faithfull: an autobiography. New York: Cooper Square Press, 1994, ISBN 0-8154-1046-8.
- Memories, Dreams and Reflections. HarperCollins UK, 2007, ISBN 978-0-00-724581-9.
- (mam François Ravard) Marianne Faithfull: Bilder meines Lebens. Verlag Edel Books, Hamburg 2014, ISBN 978-3-8419-0313-6.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Marianne Faithfull – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Ikone der Sixties: Marianne Faithfull gestorben." stern.de 30.012025.
