Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg (1924-2007)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Marie-Adélaïde, Duechter vun der Groussherzogin Charlotte. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg (Homonymie).
Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg
D'Prinzessin mat hirem Mann, no der Hochzäit an der Kathedral
Gebuer 21. Mee 1924
Colmer-Bierg
Gestuerwen 28. Februar 2007
Fëschbech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Aristokrat
Famill
Papp Felix vu Bourbon-Parma
Mamm Charlotte vu Lëtzebuerg
Geschwëster Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg

D'Marie-Adélaïde Louise Thérèse Wilhelmine, gebuer den 21. Mee 1924 um Schlass Bierg, a gestuerwen den 28. Februar 2007 um Schlass Wolfsberg an Éisträich, war eng lëtzebuergesch Prinzessin. Si war dat drëtt Kand (an déi zweet Duechter) vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg an hirem Mann, dem Prënz Felix.

Als Prinzessin vu Lëtzebuerg, Prinzessin vun Nassau, Prinzessin vu Bourbon-Parma gebuer, huet si sech den 10. Abrëll 1958 mam Karl Josef Graf Henckel von Donnersmarck (7. November 192816. Abrëll 2008) bestuet.

Si hunn zesumme 4 Kanner gehat:

  • Andreas Graf Henckel von Donnersmarck, gebuer den 30. Mäerz 1959, a bestuet zanter 1995 mat der Johanna von Hohenberg (gebuer 1966).
  • Felix Graf Henckel von Donnersmarck, gebuer den 2. Mäerz 1960, gestuerwen den 28. Oktober 2007.
  • Heinrich Graf Henckel von Donnersmarck, gebuer den 13. November 1961, an zanter 1998 bestuet mat der Anna-Maria Merckens (gebuer 1969).
  • Charlotte Henckel von Donnersmarck, gebuer de 4. August 1965 a bestuet zanter 1999 mam Christoph Johannes von Meran (gebuer 1963).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg (1924-2007) – Biller, Videoen oder Audiodateien