Marie-Françoise-Ferdinande Boch

Vu Wikipedia
Marie-Françoise-Ferdinande Boch
Gebuer 26. Dezember 1785
Lëtzebuerg
Gestuerwen 12. Mee 1856
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Bonaventure Dutreux-Boch
Papp Pierre-Joseph Boch
Mamm Marie Antoinette Nothomb
Geschwëster Jean François Nicolas Boch-Buschmann
Kanner Auguste Dutreux, Eugénie Dutreux-Pescatore


D'Marie-Françoise-Ferdinande Boch gebuer de 26. Dezember 1785 an der Stad an och do den 12. Mee 1856 gestuerwen, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.

D'Marie-Françoise-Ferdinande war d'Duechter vum Parzeläinsfabrikant Pierre-Joseph Boch, deem seng Famill de Grondstee vun der Keramikindustrie zu Lëtzebuerg geluecht hat an d'Schlass vu Siwebueren nieft der Parzeläinsfabrick gebaut hat. Als Kannd war si Zäitzeie vun de Konsequenze vun der Franséischer Revolutioun, wéi d'Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg vun der republikaneschen Truppen, d'Bomberdement vun der Fabrick an d'Plëmme vum Schlass.

Si huet hir Erënnerunge fir hir Kandskanner opgeschriwwen. Si goufen no hirem Doud publizéiert, a ginn eng gutt Iwwersiicht iwwer d'Revolutiounszäit an d'Bourgeoisie vun deemools zu Lëtzebuerg, där hire Paternalissem vis-à-vis vun den Aarbechter, d'Basis vu verschiddene sozialekonomesche Mecanissme war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]