Op den Inhalt sprangen

Marie-Georgette Mousel

Vu Wikipedia
Marie-Georgette Mousel
Gebuer 24. Abrëll 1933
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotografin

D'Marie-Georgette Mousel ("MGM"), gebuer de 24. Abrëll 1933 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Fotografin.[1]

Si ass beim Théo Mey an d'Léier gaangen an huet dunn eng 10 Joer mat him zesummegeschafft.

Dono huet si sech zu Esch selbstänneg gemaach, a praktesch an alle gréisseren Zeitungen an Zäitschrëfte publizéiert (Luxemburger Wort, Tageblatt, Lëtzebuerger Journal, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, Le Républicain Lorrain, Revuer, La Meuse, Le Soir, Sport A-Z oder Lëtzebuerger Sport). Ausserdeem huet si fir d'Pressagence Belga geschafft.

Si huet dräimol e Präis beim World Press Photo-Concours gewonnen.

Hir ronn hallef Millioun Fotoen aus de Joren 1961 bis 1991, déi d'Aktualitéit an den Alldag vun deemools zu Lëtzebuerg dokumentéieren, huet si der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg iwwerdroen.[2]

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Esch. Eng Stad an hir Mënschen. Am Bild festgehal vum Marie-Georgette Mousel. Erausgi vum Romain Fellens. ferro-Verlag 2004. ISBN 2-919935-36-4.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Esch. Eng Stad an hir Mënschen S.5.
  2. "Fotografische Dokumente." vdl.lu; nogekuckt: 28.04.2025.