Marie-Henriette Steil

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Marie-Henriette Steil
Marie-Henriette--Steil----w.jpg
Gebuer 3. August 1898
Gestuerwen 18. Dezember 1930
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Marie-Henriette Steil, gebuer den 3. August 1898 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 18. Dezember 1930, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.

D'Marie-Henriette Steil huet hir éischt Wierker an de Cahiers luxembourgeois publizéiert, et waren dat e puer Novellen an e fiktive Bréifwiessel (Lettres de Suzette à Micromégas). Och an der Luxemburger Zeitung an am Escher Tageblatt war si eng regelméisseg Mataarbechterin.

1926 koum vun hir am Leipziger Xenien-Verlag e Buch mam Titel Tier und Mensch eraus, eng Zort ironesche Verglach vu mënschlecher an Déierepsychologie.

D'Marie-Henriette Steil ass 1930 an der Stad gestuerwen.

Hir zu Éieren huet d'Lëtzebuerger Post de 27. September 2005 een 1,-€ Timber erausginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]