Marie-Jeanne Birckel
Ausgesinn
| Marie-Jeanne Birckel | |
|---|---|
| Gebuer | 26. Februar 1936 |
| Gestuerwen | 29. Oktober 2002 |
| Doudesursaach | Kriibs |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Lokalpolitikerin |
| Partei | Demokratesch Partei |
| Fonctioun | Gemengeconseillère |
|
| |
D'Marie-Jeanne Birckel, gebuer de 26. Februar 1936, a gestuerwen den 29. Oktober 2002, war eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin (DP).
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Marie-Jeanne Birckel ass zu Wolz opgewuess an huet am Internat St. Joseph zu Ettelbréck fir Sekretärin a Comptabel geléiert.[1]
1965 huet si sech mam Mathias Neuens bestuet; si sinn op Mamer wunne gaangen a kruten zwee Kanner. D'Marie-Jeanne Neuens-Birckel gouf Member vun der Demokratescher Partei (DP) a gouf bei de Gemengewale vun 1991, als éischt Fra, an de Gemengerot vu Mamer gewielt. 1999 gouf si erëmgewielt. Si huet sech virun allem fir d'Chancëgläichheet tëscht Mann a Fra agesat. 2002 ass si un der Folleg vun engem Kriibs gestuerwen.
Fir u si z'erënnere gouf zu Mamer eng Strooss no hir genannt.[2]
