Marie Clausse

Vu Wikipedia
Marie Clausse
Gebuer 22. November 1909
Diddeleng
Gestuerwen 6. September 1975
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler
Member vun Letzeburger Freihétsbond

D'Marie Clausse, gebuer den 22. November 1909 zu Diddeleng an och do gestuerwen de 6. September 1975 war eng lëtzebuergesch Fraerechtlerin.

Uganks vun den 1940er-Jore gouf si Member vum Lëtzebuerger Fräiheetsbond an huet an hirem Haus zwéin desertéiert lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert verstoppt. Am Juli 1944 gouf d'Marie Clausse verhaft a koum an e Stroflager fir Fraen a méi spéit an d'Frae-KZ Ravensbrück. Si ass am Abrëll 1945 befreit ginn.

Si huet sech duerno an der Amicale des femmes concentrationnaires et prisonnières politiques luxembourgeoises engagéiert[1].

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

D'Marie Clausse ass posthum mat der Croix de l'Ordre de la Résistance ausgezeechent ginn.

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Strooss zu Diddeleng

Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Marie Berg-Clausse an Erënnerung un d'Marie Clausse.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Julie Heintz, Düdelingen entdeckt seine weibliche Seite op wort.lu den 8. Mäerz 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 9. / 10. Mäerz 2019, S. 40-41, ënnert dem Titel Starke Frauen, starke Geschichten.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur.