Marie Heffenisch

Vu Wikipedia
Marie Heffenisch
Gebuer 14. Oktober 1902
Colmer-Bierg
Gestuerwen 9. Januar 1985
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fraerechtler


D'Marie (oder Maria) Heffenisch, gebuer de 14. Oktober 1902 zu Colmer-Bierg a gestuerwen den 9. Januar 1985 war eng lëtzebuergesch Fraerechtlerin. Si ass 1932 op Diddeleng geplënnert an huet an an der Liberatiounsstrooss den deemolegen Hotel Hengesch iwwerholl.

1941 huet si sech an der Lokalsektioun vum Lëtzebuerger Fräiheetsbond engagéiert. An hirem Hotel huet si illegal Zeitungen a Fluchblieder verdeelt a siwen desertéiert lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert verstoppt.

1944 gouf d'Marie Heffenisch verhaft a koum an e Stroflager fir Fraen a méi spéit an d'Frae-KZ Ravensbrück. Si ass am Abrëll 1945 befreit ginn.

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Strooss zu Diddeleng

Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Marie Carmes-Heffenisch an Erënnerung un d'Marie Heffenisch[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur.