Op den Inhalt sprangen

Marie Rausch-Weinand

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Marie Rausch-Weynand)
Marie Rausch-Weinand
Gebuer 11. Abrëll 1907
Koplescht
Gestuerwen 23. Februar 1965
Lëtzebuerg
Alter 57 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzlerin

D'Marie Rausch-Weinand, gebuer als Marie Katherine Weinandt[1] den 11. Abrëll 1907 zu Koplescht[2][3], a gestuerwen den 23. Februar 1965 an der Stad Lëtzebuerg[4], war eng lëtzebuergesch Resistenzlerin.

D'Marie Weinand[5] huet sech 1926 mam Ferdy Rausch bestuet. Si sinn op Déifferdeng geplënnert wou s'eng Bäckerei opgemaach hunn.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich hu si heemlech méi Brout gebak, wéi s'et deklaréiert hunn, an dat un Aarmer, oder Leit, déi sech hu misse verstoppen, verdeelt. Och Refraktären déi, iwwer d'zoue Grenz a Frankräich komme wollten, hu si bei sech doheem verstoppt. Béid hu sech der Resistenzorganisatioun Letzeburger Ro'de Lé'w ugeschloss. 1944 goufen se vun der Gestapo verhaft, de Ferdy Rausch koum an d'KZ Mauthausen, d'Marie Rausch-Weinand op Wittlich. Béid hunn d'Gefaangenschaft iwwerlieft.[6]

D'Marie Rausch-Weinand ass mat 58 Joer gestuerwen.

D'Koppel hat zwee Kanner. D'Marie Rausch-Weinand war d'Groussmamm vun ë. a. dem Frank Feitler an der Christiane Brassel-Rausch.

Si gouf posthum mat der Croix de la Résistance ausgezeechent. Zu Déifferdeng gouf eng Strooss no hir genannt.[7]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. um Gebuertsschäin mat engem <i> an engem <t> um Wupp
  2. Quell, wou net anescht uginn: Rue Marie Rausch-Weynand op rues-au-feminin.lu (nogekuckt:10.02.2026).
  3. (de) Gebuertsschäin N° 12 S. 151. Archives nationales, Commune de Kopstal (12.04.1917). Gekuckt den 11.02.2026.
  4. Avis de décès 4 Page 10. In: Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 55 (24.02.1965), p. 10 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  5. An der Doudesannonce steet Weinand; d'Strooss ass Weynand genannt.
  6. In memoriam Madame Ferdy Rausch, Esch-Alz. In: Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 65/66 (06.03.1965), p. 12 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  7. L-4544; Lokalisatioun op geoportail.lu.