Op den Inhalt sprangen

Mariette Zenners

Vu Wikipedia
Mariette Zenners
Gebuer 29. September 1968
Ettelbréck
Alter 57 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fernseejournalistin
Famill
Liewenspartner(in) Kim Andersen

D'Mariette Zenners, gebuer den 29. September 1968 zu Ettelbréck,[1][2] ass eng lëtzebuergesch Fernseejournalistin.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Première 1987 am Dikrecher Lycée huet d'Mariette Zenners Journalismus a Kommunikatioun zu Bréissel studéiert. Am September 1991 krut si eng Plaz bei RTL Radio Lëtzebuerg, wou si ufanks haaptsächlech Reportagë produzéiert a méi spéit och Sendungen animéiert huet.[3]

1995 ass si bei RTL Télé Lëtzebuerg gewiesselt fir do fënnefmol an der Woch duerch déi nei Emissioun 1 Stonn Lëtzebuerg ze féieren.[4] Duerno huet se véier Joer laang De Magazin moderéiert. Zënter 1998 presentéiert se d'Noriichtesendung De Journal.[2][5]

1996 huet si de fréieren RTL- an DNR-Animateur Bas Schagen bestuet.[6] Zesummen hu si zwee Kanner.[3] Duerno war s'an enger Bezéiung mam dänesche Vëlossportler Kim Andersen.[7]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Naissances. Luxemburger Wort (1. Oktober 1968). Gekuckt de 24. Juli 2026.
  2. 1 2 (de) Tina Noroschadt, Miss Journal. Revue N°17, Säit 14 (26. Abrëll 2008). Gekuckt de 25. Juni 2026.
  3. 1 2 (de) Vibeke Walter, Mariette Zenners: Nervenkitzel Fernsehen. Revue N°38, Säit 22-24 (20. September 1995). Gekuckt de 25. Juni 2026.
  4. (de) Nic. Nickels, RTL Télé Lëtzebuerg: Luxemburger Aktualität pur. Tageblatt, Säit 32 (26. September 1995). Gekuckt de 25. Juni 2026.
  5. (lb) Loïc Juchem, Mam Mariette Zenners um Stauséi. rtl.lu (8. September 2024). Gekuckt de 25. Juni 2026.
  6. (de) Hochzeitsglocken für Mariette und Bas. Revue N°1, Säit 32 (1. Januar 1997). Gekuckt de 25. Juni 2026.
  7. (de) Chrëscht Beneké a Gabrielle Seil, Madame Journal & Monsieur Léopard. Revue N°14, Säit 72-77 (6. Abrëll 2011). Gekuckt de 25. Juni 2026.