Op den Inhalt sprangen

Mark Carney

Vu Wikipedia
Mark Carney
Gebuer 16. Mäerz 1965
Fort Smith
Nationalitéit Kanada, Irland, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Harvard College,
Harvard Universitéit,
St. Francis Xavier High School
Aktivitéit Ekonomist, Banquier, Politiker, Premierminister
Fonctioun Premierminister vu Kanada, Deputéierten
Gielercher Queen Elizabeth II Diamond Jubilee Medal
Famill
Bestuet mat Diana Fox (7.1994–)
Mamm Verlie Margaret Carney

De Mark Joseph Carney, gebuer de 16. Mäerz 1965 zu Fort Smith an den Nordwest-Territorien, ass e kanadesche Politiker (Liberal Partei vu Kanada), Manager a fréieren Zentralbank-Direkter. Den 9. Mäerz 2025 gouf hien zum President vun der Liberaler Partei vu Kanada gewielt an de 14. vun deem Mount als neie Premierminister vu Kanada vereedegt. An deenen zwou Fonctiounen ass hien den Nofollger vum Justin Trudeau. Vun 2013 bis 2020 war de Carney deen éischten auslännesche Gouverneur vun der Bank of England. Virdru war hien zanter 2008 Gouverneur vun der Bank of Canada a gouf duerch seng Aart a Weis bekannt, wéi en d'Finanzkris a sengem Land gemanaget huet, nämlech dass et am Verglach zu soss doruechter keng gréisser Suitte gouf.

 Commons: Mark Carney – Biller, Videoen oder Audiodateien