Markollef
| Markollef | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Markollef | |||||||||||||||||
| Aner Sproochen: | de: Eichelhäer fr: Geai des chênes | ||||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Garrulus glandarius (L., 1758) | |||||||||||||||||
De Markollef (Garrulus glandarius) ass e Sangvull aus der Famill vun de Kuebevullen (Corvidae).
Alternativ, vereelzt oder lokal lëtzebuergesch Variante vum Numm sinn Markolla, Kola, Kolla(r), Kollak, Jäizert, Jäkert, Jak(ert), Ja(c)ko, Brachfrësser, Brachschësser, Gottesvergiess, Gottesverréider, Lëttsverréider oder Nissknackert.[1] Déi meescht Nimm bezéie sech op d'(Warn)riff vum Déier, an datt em doduerch eng Zort Wiechter-Roll zougeschriwwe gëtt.
E lieft an Europa, Deeler vun Nordafrika a vum Noen Osten an an enger breeder Sträif queesch duerch Asien an do südlech bis an Indochina. E britt a liichten, strukturräiche Bëscher, a Mëtteleuropa am léifsten a Mësch- a Lafbëscher. Säi Kascht variéiert tëscht éischter Déierennarung an de Summerméint an éischter Planzen an de Wanterméint. Virun allem am Wanter leet de Markollef sech Reserve mat Eechelen an anere Nossfriichten un. Well der vill dovun net verbraucht ginn, dréit en esou zu der Verbreedung vu Baamaarte wéi Eechen oder Hobiche bäi.
D'Bewunner a Süd- a Westeuropa bleiwe meeschtens d'Joer iwwer op där selwechter Plaz, iwwerdeems déi aus mëttel-, ost- an nordeuropaäesche Géigenden deelweis a Wanterquartéiere fléien, woubäi nëmmen e puer nërdlech Populatiounen hir Bruttgebidder am Wanter komplett verloossen. A kale Wantere kënnen och mol méi nord- an osteuropäesch Populatiounen a Mëttel- a Westeuropa opdauchen.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Aussehen
[änneren | Quelltext änneren]


De Markollef gëtt 32 bis 35 cm laang, d'Spanwäit vu senge Flilleken ass eppes klengs iwwer engem halwe Meter. E weit ëm déi 170 Gramm. De kräftege Schniewel ass groschwaarz bis schwaarz. D'Féiss si grobrong bis brong fleeschfaarwe mat gielzegen oder wäisselzege Suelen. D'Iris ass bloelzeg-gro mat roudelzegem Baussen- a Bannerank.
Männercher a Weibercher hunn dat selwecht Fiederkleed. Dee Kapp ass jee no Ënneraart méi oder manner opfälleg gezeechent. D'Nominatform G. g. glandarius, déi a Mëttel-, Ost- am Nordeuropa virkënnt, huet wäiss Partien op der Stier, mat schmuelen, laange schwaarz gesträifte Fiederen, déi zu enger Hauf opgestallt kënne ginn, wann en opgereegt ass. Och ronderëm d'Ae si se schwaarz-wäiss gestréchelt. Och e schwaarze "Schnurres" lénks a riets vum Schniewel fällt op. De Kënn an d'Strass si wäiss, iwwerdeems d'Säiten an den hënneschten Deel vum Hals roudelzech beige bis matt fuussfaarweg sinn. Dës Fierwung geet weider iwwer de Réck, d'Schëlleren an d'ënnescht Säit, woubäi s'im Réck eppes méi an d'Grot iwwergeet, an op der Ënnersäit méi hell gëtt. D'Mëtt vum Bauch, den hënneschte Réck an d'Krippche si wäiss.
Am opfällegsten ass beim Markollef dee schwaarz-himmelblo gesträifte Bord un de Flilleken, déi soss brong oder gro sinn.

De Markollef leet 4 bis 7, sielen 8 bis 10 Eeër. Si sinn oval a ronn 31 × 23 mm grouss. Se gi bannent 16 bis 17 Deeg ausgebréit
De Markollef zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Urs N. Glutz von Blotzheim, Kurt M. Bauer: Handbuch der Vögel Mitteleuropas. (HBV). Band 13/III, Passeriformes (4. Teil): Corvidae – Sturnidae, Aula-Verlag, ISBN 3-923527-00-4.
- András Keve: Der Eichelhäher. Die Neue Brehm-Bücherei, A. Ziemsen, Wittenberg 1974, ISBN 3-89432-211-X (Neuauflage der Ausgabe von 1985).
- Derek Goodwin: Some aspects of the behaviour of the Jay. Ibis 93, 1951, S. 414–442 a 602–625, ISSN 0019-1019
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Garrulus glandarius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiedere vum Markollef
- Der Eichelhäher, der Polizist des Waldes. muehlstein-online.com,
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Henri Klees: Luxemburger Tiernamen (inbegriffen in der 2. Auflage die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen. Luxemburg 1981 (=Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV.), S.36.
