Markus (Evangelist)
| Markus (Evangelist) | |
|---|---|
|
| |
| Titel | |
| Biographie | |
| Gebuer |
12 jul. Palestina |
| Gestuerwen |
25. Abrëll 68 jul. Alexandria |
| Alter | 55 / 56 Joer |
| Graf | Basilica di San Marco |
| Nationalitéit | Réimescht Räich |
| Aktivitéit |
Paschtouer, Evangelist |
| Aner Informatiounen | |
| Statut | Helleg |
| Gedenkdag | 25. Abrëll |
|
| |
|
| |
De Markus oder Marcus (Algr.: Μάρκος, fr.: Marc), war e Mann aus dem 1. Joerhonnert, deen der chrëschtlecher Traditioun no ee vun de véier Evangeliste vum Neien Testament ass an als Hellege veréiert gëtt. Säin Evangelium ass dat kierzt vun de 4 Evangelien. Et ass warscheinlech dat eelst an och dat, dat als Quell fir déi vum Matthäus a Lukas gedéngt huet.
E gewëssen „Johannes, genannt Markus“ gëtt an der Apostelgeschicht an a verschiddenen Epistelen ernimmt, wou en als ee vun deenen Apostele beschriwwe gëtt, déi dem Péitrus a Paulus no stoungen. D'kathoulesch a verschidden orthodox Kierchen feieren hien de 25. Abrëll; aner Kierchen, fir déi déi Zwéin net dee selwechte sinn, hunn de 27. September als dem Johannes-Markus säin Namensdag.
Der Traditioun no wier de Markus Bëschof vun Alexandria gewiescht an do als Märtyrer gestuerwen. D'Koptesch Kierch gesäit hien als hire Grënner un. Nodeems am 9. Joerhonnert seng Reliquien zu Alexandria vu venezianeschen Händler geklaut an op Venedeg bruecht gi waren, gouf en do de Patréiner a säi Symbol, de Markusléiw, e Léiw mat Flilleken, gouf mat an de Wope vun der Stad iwwerholl. Am Doum vu Venedeg gi seng Reliquie versuergt an e gouf no him genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Markus (Evangelist) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
