Marleen Radder-Willems
Ausgesinn
D'Marleen Radder-Willems, gebuer den 22. Februar 1951, ass eng hollännesch Athleetin a Spezialistin am athleetesche Goen, woubäi si haaptsächlech bei groussen Distanze matmécht. Si war 1997, 2001 an 2002 Gewënnerin bei den Damme vum Paris-Colmar iwwer eng Distanz vu ronn 350 km.
Si ass Rekordfra an Holland op den 20.000 Meter am Goen op der Bunn an op der Strooss. Dobäi hält se och nach d'Rekorden op den 3.000 m, 5.000 m an 10.000 m.
D'Marleen Radder ass bei der Rotterdamse Wandelsport Vereniging lizenséiert.
Perséinlech Beschtleeschtungen
[änneren | Quelltext änneren]Op der Bunn
[änneren | Quelltext änneren]Distanz | Zäit | Datum | Plaz |
---|---|---|---|
3.000 m | 16.42,24 | 24. Juni 2000 | Ninove |
5.000 m | 28.27,1 | 1. Juli 2000 | Best |
10.000 m | 58.19,5 | 5. Abrëll 1998 | Tilburg |
20.000 m | 2:04.11,0 (NR) | 7. Abrëll 2002 | Tilburg |
Op der Strooss
[änneren | Quelltext änneren]Distanz | Zäit | Datum | Plaz |
---|---|---|---|
10.000 m | 58.36 | 8. Januar 2006 | Rotterdam |
20.000 m | 2:04.30 (NR) | 31. Mee 1997 | Den Haag |
Indoor
[änneren | Quelltext änneren]Distanz | Zäit | Datum | Plaz |
---|---|---|---|
3.000 m | 17.07,8 | 27. Februar 2005 | Zaandam |
5.000 m | 30.04,4 | 20. November 2004 | Zaandam |