Op den Inhalt sprangen

Marmaramier

Vu Wikipedia
Marmaramier
Land Tierkei
Länner um Uwänner Tierkei
Fläch 11.350 km²
Koordinaten 40°45'N, 28°0'O

D'Marmaramier (tr.: Marmara Denizi; gr.: Προποντίς, Προποντίδα) ass e klengt Bannemier bannent de Grenze vun der Tierkei. Et verbënnt d'Schwaarzt Mier an d'Egäescht Mier (Mëttelmier) via de Bosporus an d'Dardanellen, andeems et den europäesche an den asiateschen Deel vun der Tierkei vuneneen trennt. Et huet eng Fläch vu ronn 11.350 km2, op 280 x 80 km. Seng déifst Plaz läit 1.370 m ënnert dem Mieresspigel.

Den Numm "Marmaramier" kënnt vu senger gréisster Insel, der Insel Marmara hier, déi op der südlecher Säit läit, déi hiren Numm wéinst dem ville Marber (Marmor; gr.: μάρμᾰρον - mármaron) deen et do gëtt, krut. An der Antikitéit war et als Propontis, bekannt, deemno d'Mier "virum Pontesche Mier", engem aneren Numm fir d'Schwaarzt Mier.

Wéint senger Lag, a senger Wichtegekeet als Transportwee, gouf et ëmmer nees Konflikter dorëms, wien do d'Soe sollt hunn.

Geologesch ass et wéinst der Plackentektonik do dacks vun Äerbiewe betraff.

Déi wichtegst Stad um Marmaramier ass Istanbul.

Commons: Marmaramier – Biller, Videoen oder Audiodateien