Op den Inhalt sprangen

Mars Orbiter Mission

Vu Wikipedia
Mars Orbiter Mission
Mars Orbiter Mission an der Marsëmlafbunn
TypMarssond
LandIndien
AgenturISRO
ZilMars
Startmassongeféier 500 kg
Start5. November 2013, 09:08 UTC
StartplazSatish Dhawan Space Centre, Indien
DrorakéitPLSV C-25
Statusaktiv

D'Mars Orbiter Mission (MOM), inoffiziell an de Medien och Mangalyaan (Hindi:मंगलयान - Mars-Reesenden) genannt, ass eng Raumsond vun der indescher Raumfaartagentur ISRO, déi mat enger PSLV-Rakéit op de Wee zum Mars gestart gouf.

De Start war de 5. November 2013 um 9:08 UTC. De 26. November 2013 soll d'Sond den Äerdorbit verloossen, fir dann den 22. September 2014 de Mars z'erreechen a fir dann an e staark ellipteschen Orbit mat 500 × 80.000 km anzeschwenken. Déi indesch ISRO wier domat déi véiert Weltraumorganisatioun, déi no der Sowjetunion, den USA an Europa eng Sond op de Mars geschéckt hätt. Haaptaufgab vun der Missioun ass, d'Sond erfollegräich op de Mars ze bréngen.

Déi 15 kg Notzlaascht gliddert sech op a 5 Instrumenter:

  • Mars Exospheric Neutral Composition Analyzer (MENCA) – Atmosphärenanalys
  • Methane Sensor For Mars (MSM) – Atmosphärenanalys
  • Mars Color Camera (MCC) – Faarfkamera
  • Probe For Infrared Spectroscopy for Mars (PRISM) – Infraroutkamera
  • Lyman-alpha photometer – Fir d'Miessung vun atomarem Waasserstoff an der Marsatmosphär

Portal Astronomie

 Commons: Mars Orbiter Mission – Biller, Videoen oder Audiodateien