Op den Inhalt sprangen

Marthe Thyes-Walch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marthe Thyes-Walch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Nottärin, Politikerin
Partei Demokratesch Partei
Fonctioun Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber

D'Marthe Thyes-Walch, gebuer de 5. Januar 1943[Quell?] zu Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Nottär a Politikerin (DP) vu Wolz.

Si kënnt vu Gilsdref, an huet zu Nanzeg, Grenobel a Paräis Droit studéiert. Si gouf Riichterin zu Dikrech, an dann Nottär zu Housen, an dono zu Wolz (Stand 1978)[1].

Si huet bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 am Walbezierk Norden op der Lëscht vun der DP kandidéiert[2], gouf awer net direkt gewielt. Den 1. Januar 1978 ass si fir de Frank Wolff an d'Chamber nogeréckelt. Si hat hiert Mandat bis zum Enn vun der Chambersessioun 1979.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Politik: Vierte im Bunde. In: Revue, 33. Jg., nº 4 (28.01.1978), p. 12 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  2. Publicité 33 Page 58. In: Revue, 29. Jg., nº 21 (25.05.1974), p. 58. [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  3. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.